Search

You may also like

Nationalfeierdag 2019: Beréierend Éierungen an der Philharmonie!
Neiegkeeten

Nationalfeierdag 2019: Beréierend Éierungen an der Philharmonie!

Am Kader vun de Festivitéiten zum dësjäregen Nationalfeierdag hunn S.A.R.

Tripartite-Loftfaart: Si hunn ee Plang!
Neiegkeeten

Tripartite-Loftfaart: Si hunn ee Plang!

Nom Protestpiquet um fréie Muere virum Héichhaus op der Europaplaz,

Neie Stroossebelag um Zéissenger Kräiz
Neiegkeeten

Neie Stroossebelag um Zéissenger Kräiz

Vum Freideg, den 10. September (géint Mëtternuecht) bis e Méindeg,

Stad Lëtzebuerg: D‘Buspläng an der Stad ännere sech nees

Stad Lëtzebuerg: D‘Buspläng an der Stad ännere sech nees

DStad Lëtzebuerg informéiert all Notzer vum ëffentlechen Transport, datt folgend Buslinne vun den Ännerungen, déi de Freideg, de 17. September 2021 a Kraaft trieden, betraff sinn:

D’Linn 7 (Bouneweg, Baden-Powell – Kierchbierg, Poutty Stein)

Et gëtt eng zousätzlech Verbindung tëscht der Stater Gare an dem Kierchbierger Spidol geschaaft. Dës ass fir d’Personal vum Spidol geduecht. Dobäi ass den éischten Depart um 5:15 Auer bei Baden-Powell.

D’Linn 12 (Märel, Celtes – Kierchbierg, Chambre des Métiers)

Et gëtt eng zousätzlech Verbindung tëscht der Stater Gare an dem Kierchbierger Spidol geschaaft. Dës ass fir d’Personal vum Spidol geduecht.

D’Linn 15 (Hollerech, P+R Bouillon – Hamm, Ierzkaulen)

Den normalen Horaire (virum Covid) gëtt nees opgeholl – an dat mat enger Kadenz vu 15 aplaz den üblechen 20 Minutten.

D’Linn 17 (Hollerech, P+R Bouillon – Centre, Monterey)

De Fuerplang gëtt verlängert, d‘Haaptzäit ass de berufflechen Owesverkéier. E wäert all 6-7 Minutte fueren – an dat bis 18:30 Auer.

D’Linn 13 (Kuelenbierg, Boy Konen – Belair, Centre Hospitalier) a 24 (Houwald, Peternelchen – Belair, Centre Hospitalier)

De Fuerplang gëtt am Kader vun Elektrobussen ugepasst. Fir den Hierscht 2021 ass eng Luetstatioun um Terminus beim Centre Hospitalier geplangt.

D’Linn 24 (Houwald, Peternelchen – Belair, Centre Hospitalier)

Weekends gëtt eng nei Linn op der Streck Centre Hospitalier – P+R Bouillon agefouert. Dës fiert hin an zeréck. Mat der Linn 15 geet et dann op d’Arrêten Hollerich, P+R Bouillon – Hamm an Ierzkaulen.

D’Linn 31 (Centre, Badanstalt – Stroossen, Reckendall)

Am Kader vum Staudamm „Reckendall“ gëtt ëmgebaut. Dofir gëtt a béid Richtungen ëmgeleet. Dës ass op der Stäreplaz a Stroossen, Reckendall iwwert d’Areler Strooss. D’Zoufaart an den ënneschten Deel vu Reckendall ass iwwert e klenge Bus méiglech (Linn N31). Dëse fiert vu Méindes bis Freides am 30-Minutten-Takt tëscht der Stäreplaz a Reckendall, Gäertnerei.

Weider Informatioune fannt Dir op bus.vdl.lu.

Related topics Ännerungen, Buslinnen, Ëffentlechen Transport, Horairen, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post