Stad Lëtzebuerg: Dat ännert sech un de Feierdeeg 2021

Souwuel bei de Stater Busser, wéi och bei den Ëffnungszäite vum État Civil, dem Biergerzenter an dem Recyclingzenter kommen op de Feierdeeg e puer Ännerungen. Dobäi kënnt, datt op Chrëschtdag an Neijoerschdag den traditionelle Maart um Hamilius ausfält.

Ëffnungszäite vum Büro vum État Civil

24.12.2021: Ab 12 Auer zou
25.12.2021: Zou
26.12.2021: Permanence vun 9:30 bis 11:30 Auer (just fir Gebuerten an Doudesfäll)
31.12.2021:Ab 16 Auer zou
01.01.2021.: Zou
02.01.2021: Permanence vun 9:30 bis 11:30 Auer (just fir Gebuerten an Doudesfäll)

Weider Informatioune ginn et op etat-civil.vdl.lu.

Ëffnungszäite vum Biergerzenter

24.12.2021: Op vun 8:00 bis 12:00 Auer, Nomëttes zou
23.12.2021: Zou
26.12.2021: Zou
31.12.2021: Ab 16 Auer zou
01.01.2021: Zou

Weider Informatioune ginn et op bierger-center.vdl.lu.

Ëffnungszäite vum Recyclingzenter

24.12.2021: Ab 12 Auer zou, leschten Accès 15 Minutte virun der Schléissung
25.12.2021: Zou
26.12.2021: Zou
31.12.2021: Ab 17 Auer zou, leschten Accès 15 Minutte virun der Schléissung
01.01.2021: Zou
Beim Eidel-maache vun de Poubellen (gro, blo, gréng, brong) an der Kollekte vun de Valorluxtuute ginn et keng Ännerungen. Weider Informatioune ginn et op hygiene.vdl.lu.

Ännerunge bei de Stater Bussen

Vum 24.12.2021 géint 20 Auer bis de 25.12.2021 géint 8 Auer wäerte keng AVL-Linne fueren. Op Neijoerschdag fueren d’Busser eréischt ab 8 Auer. Weider Informatiounen dozou ginn et op reseau.vdl.lu.

Upassunge beim City Night Bus

An der Silvesternuecht, also vum 31.12.2021 op den 01.01.2021 gëllt de Fuerplang vun engem normale Freideg. Dozou gehéieren och déi 7 Linne vum City Night Bus, déi bis 3:30 Auer Moies op Neijoerschdag fueren. Weider Informatioune ginn et op sylvestre.vdl.lu.

Kee Stater Maart bis Neijoerschdag

De Stater Maart, deen all Mëttwoch a Samschdeg um Hamilius stattfënnt, fält op Chrëschtdag an Neijoerschdag aus. Weider Informatioune ginn et op marches.vdl.lu.

Dernières nouvelles