Search

You may also like

Biergerbedeelegung – Fundamentaalt Ëmdenken erfuerdert
Neiegkeeten

Biergerbedeelegung – Fundamentaalt Ëmdenken erfuerdert

Et war schonns déi véiert Biergerversammlung zum Thema „Gellé Strooss“

money
Käschte vum Partielle Chômage belafen sech aktuell op 145 Milliounen Euro
Neiegkeeten

Käschte vum Partielle Chômage belafen sech aktuell op 145 Milliounen Euro

Um Méindeg huet de Konjunkturcomité ënnert der gemeinsamer Presidence vum

secretimmo – Immobilien, anescht…
Neiegkeeten

secretimmo – Immobilien, anescht…

No 15 Joer Aktivitéit am Immobiliemaart, huet de Matbegrënner vun

Mäi Quartier – Mäi Buttek: En neie Pop-Up Store huet seng Dieren opgemaach

Mäi Quartier – Mäi Buttek: En neie Pop-Up Store huet seng Dieren opgemaach

En Donneschden, den 3. Juni huet en neie Pop-Up Store seng Dieren an der Stater Groussgaass op der Nummer 43 opgemaach. Clienten hunn nach bis den 19. Juni Zäit de Summer Pop-up Store kennenzeléieren. Ze entdecke ginn et ëmweltbewosst Eenzelstécker, vun Hitt, iwwert Dekoratiounsartikelen bis hin zu Schaler, mat Marken wéi Makimba et Marilou, Van Palma an Paloma Germain.

Passend zum Mammendag, sou wéi Nationalfeierdag (13. an 23. Juni) gouf a gëtt de Pop-Up-Storen dekoréiert. D’Ëffnungszäite belafe sech op den Zäitraum vu Méindes bis Samschdes vun 9.30 bis 18 Auer a Sonndes vu 14 bis 18 Auer.

Nieft dem Gerant war och d’Lydie Polfer, Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, de Serge Wilmes, éischte Schäffe verantwortlech fir den Handel, de Schäffen Patrick Goldschmid, den Guill Kaempff, President vun der Gewerkschaftsunioun vun der Stad Lëtzebuerg (UCVL) an d’Anne Darin-Jaulin, Direktesch vun der UCVL bei der Aweiung dobäi.

Pop-Up Store© VDL Fotothéik / Charles Soubry

Zum Projet Pop-Up Store

D’Stad Lëtzebuerg fërdert mat dësem Projet d’Schafung vun enger ënnerschiddlecher kommerzieller Offer. Fir d’Konzept weider an verschiddene Staddeeler auszebauen, start se dofir en neien Appell un d’Besëtzer vun net beluechte Storen, sou wéi un all Kreativen, Kënschtler an Entrepreneur.

Interesséiert Leit kënnen sech gären un den Departemeng vun der Wirtschaft an der kommerzieller Entwécklung vun der Stad Lëtzebuerg wenden (Tel.: +352 4796-5000, Méindes bis Freides vun 9:00 bis 12:00 a vun 14:00 bis 17:00 Auer, E-Mail: dec@vdl.lu).

All weider Informatioun fannt Dir op popup.vdl.lu.

Opmaacherbild: © VDL Fotothéik / Charles Soubry

Related topics Groussgaass, Makimba, Marilou, Paloma Germain, Pop-Up Store, Van Palma
Next post Previous post