Search

You may also like

Ka Frankräich d‘Kris vun de Reformen iwwerwannen?
Neiegkeeten

Ka Frankräich d‘Kris vun de Reformen iwwerwannen?

Eigentlech wollt de franséische President schonn déi lescht Woch seng

König der Löwen – Wa Kandheetserënnerungen erwäschen
Neiegkeeten

König der Löwen – Wa Kandheetserënnerungen erwäschen

Zënter dem 17. Juli 2019 zitt d’Neiverfilmung vum Der König

Festival CinEast 2019 – Wéi de Film Maueren duerchbrécht
Neiegkeeten

Festival CinEast 2019 – Wéi de Film Maueren duerchbrécht

Et ass ewell déi 12. Editioun vum CinEast, een europäesche

Fir d’Sécherheet: Alles falsch verstanen?

Fir d’Sécherheet: Alles falsch verstanen?

D’Matdeelung vun der VDL, datt vum 1. Dezember 2020 bis den 31. Januar 2021 eng privat Sécherheetsfirma an der Uewerstad, sou wéi am Garer Quartier patrulléiere soll, huet fir zolidd Opreegung a Spannungen gesuergt. Mat engem erklärende Schreiwes ënnersträicht de Stater Gemengen- a Schäfferot, datt ee sech am legale Kader beweegt an datt dës privat Sécherheetsleit déi néideg Erfarung matbréngen, dobäi awer net d’Kompetenze vun der Police iwwerschreiden. Déi negativ Kritik säitens dem Minister fir bannenzeg Sécherheet wier soumat net ze verstoen.

Laut dem grénge Minister Henri Kox dierf eleng d’Police de Gewaltmonopol am Land ausüben, wouduerch d’Stad Lëtzebuerg sech net un d’Gesetz géif halen. D’Géigesäit géisst awer direkt Waasser iwwert d’Feier. Duerch eng Motioun beim Gemengerot vum 13. Juli 2020 wier nämlech festgehale ginn, datt een iwwert aner Moossnamen misst nodenken, fir Presenz am Garer a Bouneweger Quartier ze beweisen. Dobäi mussen d’Besoinen vu Residenten, Geschäftsleit, Servicer an Notzer vun dëse Servicer berécksiichtegt ginn.

Gläichzäiteg sollt d’Police gestäerkt ginn, ouni datt déi privat Agenten dobäi e Virrecht géigeniwwer de Beamten ze kréien. An dësem Kader muss ee formell mam Ministère fir bannenzeg Sécherheet agéieren a sech och mam Inneministère zesummesetzen, fir systematescht Notze vun Drogespierhënn anzesetzen.

Si solle just Presenz weisen

D’Ekipp handelt am Kader vu senge Kompetenzen, déi am modifizéierte Gesetz vum 12. November 2002 néiergeschriwwe sinn. Et war ni dovunner riets, datt déi privat Sécherheetsleit Prioritéite géigeniwwer der Police sollte kréien. Hir Missioun ass et eenzeg an eleng fir géint d’Gefill vun Onsécherheet unzekämpfen andeems ee preventiv Presenz weist.

D’Ekipp kollaboréiert mat de Beamten a bréngt déi noutwenneg Erfarung mat. Et ass schliisslech de Justizministère, deen uginn huet, datt si all d’Qualitéiten opweisen, fir als Sécherheetsdéngscht ze operéieren.

Zu hirer Missioun gehéiert et net Identitéitskontrollen duerchzeféieren oder eng Persoun ze néidegen, nach si ze schiedegen. Kuerz resuméiert sollen déi privat Sheriffen also just op der Plaz sinn a beobachten – ëm d’Agräifen am Eeschtfall këmmert sech d’Police.

Op privat Sécherheetsfirmen gräift ee scho méi laang zeréck

D’Stad Lëtzebuerg weist drop hin, datt een natierlech d’Beamte privilegéiert. Aktuell besteet awer nach ëmmer e Manktem u Polizisten an d’Formatioun vun den nei rekrutéierte Leit wäert nach eng Zäitchen an Usproch huelen. Déi privat Sécherheetsfirma ass eng provisoresch Léisung, op déi awer méi oft, an och vu verschidde Gemengen an Institutiounen zeréckgegraff gëtt.

Hei nennt de Gemengen- a Schäfferot d’Beispill vun der Stad Déifferdeng, déi zënter méi wéi engem Joer Sécherheetsleit vun enger privater Firma duerch d’Quartieren zirkuléiere léisst. Dobäi handelt et sech souguer ëm déi selwecht Entreprise, mat där och d’VDL e Kontrakt ënnerschriwwen huet. Gläichzäiteg weist een drop hin, datt an ëffentlechen Institutiounen – beispillsweis an der Cité Judiciaire, am Hall vun der Gare, der CNA an aneren – Ekippe vun enger privater Firma fir d’Sécherheet vun de Visiteure suergen.

D’Stad Lëtzebuerg versprécht eng „Séance de Cadrage“ vun den Agenten ze organiséieren, déi vun der Police ofgehale gëtt. Fir weideren Onkloerheeten aus de Féiss ze goen an e konstruktiivt Gespréich ze féieren sinn de Minister Kox, d’Ministesch Tanson an all aner concernéiert Persounen op eng ëffentlech Reunioun invitéiert. Sou fern et d’Situatioun zouléisst, dierfen natierlech och d’Residente vum Garer Quartier deelhuelen.

Opmaacherbild: © Baudouin Wisselmann / Unsplash

Related topics Cité Judiciaire, Drogespierhënn, Garer Quartier, Henri Kox, Kontroll, Missioun, Onsécherheet, Police, privat Sécherheetsfirma, Privatiséierung, Sam Tanson, Stad Déifferdeng, Stad Lëtzebuerg, Stater Schäfferot, Uewerstad, VDL
Next post Previous post