Alles a Wanterstëmmung: D’Stad Lëtzebuerg belount kreativ Käpp!

Mat zwee Concoursen, déi sech u Kanner a Geschäftsleit riichten, wëllen d’Stad Lëtzebuerg an d’Stater Handelsunioun (UCVL) Kreativitéit fërderen, awer och Originalitéit belounen.

Beim Molconcours „De Kleeschen an der Stad“ gëtt sech un d’Kanner am Alter tëscht 3 an 11 Joer geriicht. An de Grondschoulen respektiv Foyeren gi si encouragéiert sech zum grad genannten Theema artistesch auszeliewen. Dat fäerdegt Wierk soll bis de 27. November am City Shopping Info-Point op der Plëss agereecht oder per Mail un info@cityshopping.lu geschéckt ginn.

De Jury wäert ënnert alle Konschtwierker 20 Biller (5 pro Cycle) auswielen. Dës wäerte vum 4. bis de 24. Dezember 2021 an de Vitrinne vun de Partnergeschäfter der Ëffentlechkeet presentéiert ginn. Natierlech wäert och eng Präisiwwerreechung op déi kleng Kënschtler waarden.

Zousätzlech soll en Dekoratiounsconcours d’Geschäftsleit ureegen, e Beitrag zur wanterlech festlecher Atmosphär ze leeschten, dat duerch eng magesch Beliichtung an Dekoratioun. Dobäi sinn der Fantasie keng Grenze gesat. Interesséiert Butteker solle sech bis den 24. November 2021 bei der UCVL (info@cityshopping.lu) umellen.

Bewäert gëtt no de Krittären, ob d’Thema „D’Magie vu Chrëschtdag“ respektéiert gouf, Originalitéit a Kreativitéit agesat goufen, Artikele vum Buttek mat integréiert ginn an d’Gesamtkonzept stëmmeg ass. E weidere Bonus gëtt et fir Dekoratioun, Beliichtung an Animatioun dobaussen.

De Gewënner op der éischter Plaz gëtt mat 4.000 € belount, op der zweeter Plaz waarden 2.000 € an op der drëtter Plaz 1.000 €. Och hei ass eng Präisiwwerreechung fir Ufank 2022 geplangt.

Dernières nouvelles