Search

You may also like

Light it up blue 2021 – En Zeechen zum Weltautismusdag
International Kultur Neiegkeeten

Light it up blue 2021 – En Zeechen zum Weltautismusdag

All Joer gëtt um 2. Abrëll mam Weltautismusdag de Fokus

No véier Joer Pilotprojet…
International Kultur Neiegkeeten

No véier Joer Pilotprojet…

Den elektroneschen, perséinlechen a securiséierten Dossier an deem d‘Gesondheetsinformatioune vun

Franséische Beamte war e radikaliséierten Islamist
International Kultur Neiegkeeten

Franséische Beamte war e radikaliséierten Islamist

De Mickael Harpon schéngt net méi als „presuméierten Täter“ gehandelt

Véier Filmer beim 72. Festival vu Cannes!

Véier Filmer beim 72. Festival vu Cannes!

Als Minister fir Kommunikatioun a Medie war de Xavier Bettel um 17. an 19. Mee bei den 72. Filmfestspiller vu Cannes dobäi. An der franséischer Stad huet hien d’Profien aus dem Beräich vun der audiovisueller Filmproduktioun getraff an um traditionelle Lëtzebuerger Dag deelgeholl. Donieft konnt hien ee gudden Abléck an d’Evolutioun vum Secteur kréien, bei deem hie mat voller Ënnerstëtzung dobäi ass.

Mat 4 Filmer duerft de Grand-Duché an d’Selektioun vun dësem Joer goen. Houfreg op hir Leeschtung gratuléiert de Minister de Lëtzebuerger Cineasten, déi hiert ganzt Kënnen, Professionalitéit an Dynamik an der Industrie bewisen hunn. Donieft huet hien et besonnesch gelueft, datt de Secteur déi nei Technologien ausprobéiert an am Beräich vun der virtueller Realitéit experimentéiert. Mat 3 VR-Wierker (Ayahuasca, 7 Livres a Fever) geet eis Land am Lëtzebuerger Pavillon ervir.

(v.l.n.r.) Guy Daleiden, CEO Film Fund Luxembourg; Xavier Bettel, Minister fir Kommunikatioun a Medien; Olivier Henrard, Generaldirekter vum CNC – Frankräich; Mathieu Fournet, Direkter vun den europäeschen an internationalen Affairen vum CNC – Frankräich © Film Fund Luxembourg

Um Plang stoung, ganz der Traditioun no, een Iessen vun der franséischer Koproduktioun, bei deem d’Partner aus de 5 Länner (Lëtzebuerg, Belsch, Frankräich, Schwäiz, Kanada) sech, zesumme mat de franséichen, belschen a schwäizer Representanten zu den zukünftege Koproduktiouns-Treffen, déi am kommenden November zu Lëtzebuerg organiséiert ginn, ënnerhalen.

A wann ee schonn zu esou vill zesumme sëtzt, kann een direkt weider profitéieren! De Guy Daleiden, Direkter vum Fonds National de Soutien à la Production Audiovisuelle, a säin irländeschen Homolog, den James Hickey (CEO Screen Ireland) hunn, am Bäisinn vun eisem Minister an dem Patricia O’Brien, irländesch Ambassadrice zu Paräis, een neien Accord zur Ënnerstëtzung vun der Co-Entwécklung vun de schrëftleche an/oder realiséierte Projet vu Fraen ënnerschriwwen. Zil ass et, déi weiblech Representatioun an der audiovisueller Industrie ze vergréisseren.

Cannes

(v.l.n.r.) Guy Daleiden, CEO Film Fund Luxembourg; James Hickey CEO Screen Ireland) © Thibaut Demeyer

Déi 4 Filmer an der Selektioun

Selektioun „Un Certain Regard“:

 

  • Chambre 212 – ee Spillfilm vum Christophe Honoré, eng Koproduktioun vu Bidibul Productions
  • Les Hirondelles de Kaboul – een Animatiounsfilm vum Zabou Breitman an Eléa Gobbé-Mévellec, eng Koproduktioun vu Melusine Productions
  • Viendra le Feu – ee Spillfilm vum Oliver Laxe, eng Koproduktioun vun Tarantula Luxembourg

Selektioun „Quinzaine des Réalisateurs“

 

  • The Orphanage – ee Spillfilm vum Shahrbanoo Sadat, eng Koproduktioun vu Samsa Film

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Xavier Bettel,  Minister fir Kommunikatioun a Medien; James Hickey (CEO Screen Ireland); Patricia O’Brien (irländesch Ambassadrice zu Paräis); Guy Daleiden, (CEO Film Fund Luxembourg) © Thibaut Demeyer

Related topics Film Fund Luxembourg, Guy Daleiden, International Filmfestspiller vu Cannes, Lëtzebuerg, Xavier Bettel
Next post Previous post