Search

You may also like

Collectif au Carré: Wann dausende Stoff-Quadrater verbannen
Neiegkeeten

Collectif au Carré: Wann dausende Stoff-Quadrater verbannen

De gemengnëtzege Veräi Mamie et Moi huet schonn den 1.

De Student erschéisst seng Elteren um Campus vun der Uni
Neiegkeeten

De Student erschéisst seng Elteren um Campus vun der Uni

Um Freidegmueren huet e 19 järege Student seng Elteren um

Quartier Hamm a Polvermillen: Just nach 30 km/h erlaabt!
Neiegkeeten

Quartier Hamm a Polvermillen: Just nach 30 km/h erlaabt!

Ab haut dierf an de Quartieren Hamm a Polvermillen just

D’Police seet: Maacht lues, et gëtt véier nei Radare

D’Police seet: Maacht lues, et gëtt véier nei Radare

Wéi et vun der Administratioun vun de Ponts & Chaussées matgedeelt gouf, ginn an de nächste Méint véier nei Radaren, oder wéi se am Volleksmond genannt ginn „Discopoulen“, opgeriicht. Se sollen der Sécherheet op eise Stroossen déngen, a firwat och net, Geld an d‘Staatskeess bréngen.

Den éischten, dee besonnesch eis Grenzgänger dierft erfreeën, steet am Tunnel vun der Verbindung „Micheville“. Dat ass zu Esch-Belval, an de (bal) direkten Zougang zu der Autobunn A4. Operationell soll de Radar scho vun der nächster Woch un sinn. Et deet een also elo scho gutt drun uecht ze dinn.

Fir d‘Radaren déi op dem CR108, tëscht Aangelsbierg a Miersch, an dee beim Kreesverkéier zu Raemerech, op der N8 tëscht Saeul a Brouch, opgeriicht goufen, ass nach eppes Rou ugesot. Ugeschalt ginn dës Verkéierskontrollapparaten iergendwann am éischten Trimester 2018.

D’Aarbechte si schonn amgaang

D‘Aarbechte fir d‘Installatioun vum Discopoul op der N8 sollen awer schonn ugefaangen hunn. Bis dës Aarbechten ofgeschloss sinn, a sécherlech, fir datt sech den Automobilist schonn emol dru ka gewinnen, datt et hei méi lues muss goen, steet e mobille Radar op der Streck.

Dat heescht, datt do elo eng „Remorque“ mat engem Radar während der Dauer vun den Installatiounsaarbechten d‘Vitesse iwwerwaacht. D‘Schëlter, mat deenen d‘Héchstgeschwindegkeet vu 70 Kilometer/Stonn ugewise ginn, hunn d‘Leit vun de Ponts & Chaussées schonn opgestallt.

D‘Remorque kritt dann, wann de feste Radar operationell gëtt, eng nei Plaz zougewisen. Dat soll wéi gesot iergendwann am Laf vum éischten Trimester d‘nächst Joer de Fall sinn. Op der N8 lues maachen ass also net nëmme gutt fir de Verbrauch, mee schount och soss de Portmonnie.

Hale mer nach fest, besonnesch fir all déi wou et nach net sollte wëssen, datt esouwuel de Radar op der Remorque wéi déi spéider operationell „fest Anlagen“ d‘Vitess ëmmer a béid Richtungen iwwerwaachen. An zwar Simultan.

Iwwerhaapt, sollt ee generell, an net nëmmen zur Wanterzäit, eppes méi gemälleg mat der „rietser“ Pedall ëmgoen. Wat gutt ass fir d‘Sécherheet, senger eegener an därer vun deenen aneren, ass, et gleeft een et net, och gutt fir d‘Ëmwelt.

Related topics Police, Ponts & Chaussées, Radarkontroll
Next post Previous post