Search

You may also like

Giel Gileten Akt XVII: Et huet eppes gefeelt…
Kultur Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XVII: Et huet eppes gefeelt…

Eng gutt Woch virum Enn vum „ëffentlechen Debat“ schéngt dem

geek
Streets of Rage, 30 Joer Kläppereien … a gutt Kläng!
Kultur Neiegkeeten

Streets of Rage, 30 Joer Kläppereien … a gutt Kläng!

D’Reaktioun vu SEGA op de Final Fight vu Capcom, Streets

Lëtzebuerger Arméi: Vereedegung vun engem Ënneroffizéier
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerger Arméi: Vereedegung vun engem Ënneroffizéier

Gëschter hat de Generol Alain Duschène, Chef vum Generalstab vun

Konschtmarathon vu véier Showen an zwee Länner

Konschtmarathon vu véier Showen an zwee Länner

De lëtzebuergesche Kënschtler Julien Hübsch luet Iech op e klenge Konschtmarathon vu 4 Showen an 2 Länner sou wéi a 6 verschiddene Raim an. Nieft him stellen nach aner Kënschtler hir Aarbechte vir.

De 26. Juni an den 2. Juli 2021 fënnt d’Gruppenausstellung ART2CURE zur Ënnerstëtzung vun der medezinescher Fuerschung an der „Banque Internationale de Luxembourg“ (BIL) statt. Op der Websäit kann ee sech fir e Besuch registréieren.

Den 1. an 3. Juli ass “YLA – Young Luxembourgish Artists”, eng Ausstellung mat 12 talentéierte Kënschtler aus Lëtzebuerg, déi am Ausland studéiert hunn. Organiséiert vun der VALERIUS ART GALLERY fënnt dës Ausstellung an zwee Raim gläichzäiteg statt – an der Galerie op der Theaterplaz an an hirer Lagerhal an der Scillas-Strooss um Houwald.

Den 2. Juli geet et ëm eng schéin nei Weltuerdnung. D’Ausstellung BRAVE NEW WORLD ORDER sollt schonn am leschte Joer stattfannen, elo gouf se an de Rotondes sou wéi am Casino fir zäitgenëssesch Konscht organiséiert. 40 ënnerschiddlech Kënschtler (25 Fraen, 12 Männer, 1 Kollektiv, 1 Duo) weisen hier Aarbechten ënnert dësem spannende Motto. Tëscht 1981 an 1996 gebuer, si Millennials an enger Welt opgewuess, an där den Internet d’Haaptinformatiounsquell ass. Si liewe mat de Folge vu schlechten Entscheedungen, ekonomesch, ekologesch a politesch. Entdeckt hei d’Konzept an d’Kënschtler vun der Show.

Den 8. Juli ass am „Austellungsraum Apotheke“ d’Duoshow A RED CAN WANTS TO DIE. D’Kënschtler sinn de Julien Hübsch an d’Helena Walter – d‘Ausstellung ass an der Große Langgasse zu Mainz. Informatiounen iwwert déi zwee Kënschtler fannt Dir hei:

Illustratioun: © Anna Kolosyuk / unsplash

Related topics Apotheke, Ausstellung, BIL, Julien Hübsch, Konscht, Konschtmarathon, Valerius Art Gallery
Next post Previous post