Search

You may also like

Flashmob géint sexuell Gewalt um Méindeg!
Kultur Neiegkeeten

Flashmob géint sexuell Gewalt um Méindeg!

Kommende Méindeg gëtt op der Place Winston Churchill an der

De Koalitiounsprogramm fir d‘Stad Lëtzebuerg steet
Kultur Neiegkeeten

De Koalitiounsprogramm fir d‘Stad Lëtzebuerg steet

Et huet eppes gedauert bis de Koalitiounsaccord tëscht der DP

Art on the Street – d’Haaptstad als Konschtwierk
Kultur Neiegkeeten

Art on the Street – d’Haaptstad als Konschtwierk

D’Stad Lëtzebuerg presentéiert och nach dëst Joer de Laangzäitprojet mam

Veiner Nëssmoort – Wann eng Stad sech a Schuel wërft!

E Sonndeg stoung Veianen ganz am Zeeche vun der Noss. Fir de Veiner Nëssmoort 2019 huet een nees keng Méi gescheit, fir eng fantastesch Traditioun viru liewen ze loossen. Zuelräich Stänn, Produiten, Animatioun a Musek hunn dobäi dausende Visiteuren an déi mëttelalterlech Stad gezunn an een op der Spur vun der Noss gären den Hiwwel erop an erof geleet.

Bekannt ass Veianen fir säi pompööst Schlass, de Sessellift, d’Tattoo Convention an – natierlech – de Veiner Nëssmoort. Schonn 1935 huet een, duerch déi aussergewéinlech grouss Quantitéit un Nëss, eng éischte Kéier ee Maart organiséiert, wouduerch mat der Zäit ee risegt Fest entstoe sollt. An dobäi loossen sech d’Organisateuren, sou wéi och d’Verkeefer richteg eppes afalen.

Vum Porto, iwwert de Schampes bis zum Liqueur, mat eidelem Mo koum een hei schnell an d’Laberenten. Mat Freed si lénks a riets déi alkoholesch nosseg Flëssegkeete geschmaacht ginn, wouduerch munch Clienten een Ament méi laang bei de Stänn iwwert d’Noss an d’Welt gepotert hunn. Wou gedronk gëtt, dierf och d’Iessen net ze kuerz kommen: Bekannt ass de Veiner Nëssmoort schliisslech och fir seng super Nësslëmmelen, dat frëscht Nëssbrout a Spezialitéite wéi beispillsweis d’Nëssraklett.

Wie gemitterlecht duerch d’Stroosse vun der mëttelalterlecher Stad schlendere wollt, dee misst direkt Moies bei der Ouverture dobäi sinn. Ab 10:00 Auer huet d’Fest d’Visiteuren empfaangen an zum Schmaache, Kafen an Amuséieren agelueden. Mat enger vun den diversen Navetten hat een einfacht Spill fir bis erof an nees zeréck bei den Auto, respektiv direkt Heem ze kommen, wat bei esou immense Mënschemasse fir eng super Organisatioun geschwat huet.

Alles an allem war och dëst Joer nees eng erfollegräich Editioun vum Veiner Nëssmoort. Glécklech Gesiichter, voll Kierf an zefridde Verkeeferaen schwätze fir sech. Mir géifen eis fir dat nächst Joer just eng Grëtz méi Nohaltegkeet wënschen, sou datt all d’Stänn op Eeweegeschier verzichte mussen.

Related topics Liqueur, Nësslëmmel, Porto, Schampes, Schlass, Traditioun, Veianen, Veiner Nëssmort 2019
Next post Previous post