Search

You may also like

Et feelt un Transparenz
International Neiegkeeten

Et feelt un Transparenz

Déi consultativ Kommissioun vun de Mënscherechter huet hiren Avis zum

Lëtzebuerger Blues a Portugal: Heavy Petrol um European Blues Challenge
International Neiegkeeten

Lëtzebuerger Blues a Portugal: Heavy Petrol um European Blues Challenge

Wa Lëtzebuerger Blues-Gruppen opgezielt ginn, da sinn si sécherlech ëmmer

Digital oder Pabeier: E Buch ass e Buch!
International Neiegkeeten

Digital oder Pabeier: E Buch ass e Buch!

Déi lescht Woch huet den ECOFIN-Rot der Propose vun der

D‘EU mécht 4,7 Milliounen Euro labber fir de Vëlo-Cargo zu Bréissel ze fërderen

D‘EU mécht 4,7 Milliounen Euro labber fir de Vëlo-Cargo zu Bréissel ze fërderen

E Mëttwoch huet d‘EU-Kommissioun déi eelef Laureaten vun engem Projet-Appell bekannt ginn, an dozou gehéieren d‘Pilotprojete vu Bréissel, Courtrai a Gand. Alles an allem waren der Kommissioun 222 Projete virgeluecht ginn. Eng zolidd Hëllef kritt hei de Bréisseler Projet.

Dir de „Cargo-Bike“-Projet ginn iwwert FEDER (Fonds fir déi regional Entwécklung) vun der UIA, dem urbane Labo vun der europäescher Unioun, 4,7 Milliounen Euro bereetgestallt. Zil vun dësem Programm ass et, mëttels der Entwécklung vum Vëlo-Cargo, d‘Loftqualitéit an der belscher Haaptstad däitlech ze verbesseren. Dës nei Form vun der Mobilitéit bitt sech besonnesch fir déi an der Stad getätegt Kuerzstrecken un.

Dëse Projet ass am Partenariat tëscht der „Regioun Bréissel“, Bréissel Environnement, der Asbl Pro-Vëlo, der Kooperative „Urbike“, der VUB, dem Fournisseur „Remorquable“, Optimobil (eng Car-Sharing Entreprise) an de Gestionnaire „BePark“ a „Parking Brussels“ op d‘Been gestallt ginn. Esou eppes huet et och schonn zu Lëtzebuerg, wou d‘Gemeng Déifferdeng de Geschäftsleit am Juni ugebueden huet, dës Mobilitéitsform auszeprobéieren.

Illustratioun: Richard Revel / pixabay

Related topics Bréissel, Courtrai, EU-Kommissioun, FEDER, Gand, UIA, Vëlo-Cargo
Next post Previous post