Search

You may also like

Nächste Mount gëtt et besser…
Neiegkeeten Sport

Nächste Mount gëtt et besser…

Gëschter hunn de Premierminister Xavier Bettel (DP) an d‘Gesondheetsministesch Paulette

Klimadësch-Landwirtschaft Nr.2: Vun Zäregasemissiounen, Déierewuel an Energie
Neiegkeeten Sport

Klimadësch-Landwirtschaft Nr.2: Vun Zäregasemissiounen, Déierewuel an Energie

Nodeems leschte Weekend déi éischt Editioun vun der Lëtzebuerger KlimaExpo

Emotional Trauerfeier fir den George Floyd
Neiegkeeten Sport

Emotional Trauerfeier fir den George Floyd

D‘Famill, Frënn a Vertrieder aus Politik an Zivilgesellschaft, hunn gëschter

Souverän ënnerwee: Vëlo fuere léieren am Erwuessenenalter

Souverän ënnerwee: Vëlo fuere léieren am Erwuessenenalter

Dir kënnt (nach) kee Vëlo fueren, wéilt et awer gäre léieren? Et ass een ni ze al fir eppes Neies, a genau dofir organiséiert d’Stad Lëtzebuerg, zesumme mat der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ Asbl (LVI) Coursë fir Erwuessener, sou datt och Dir souverän op zwee Rieder ënnerwee kënnt sinn!

Déi aktiv Mobilitéit läit am Trend. Mee Vëlofueren ass guer net emol esou selbstverständlech, wéi een denke kéint: Vill Matmënschen, vu jonk bis al, sinn ausgeschloss, wëll si nach ni d’Geleeënheet haten, sech dem Drotiesel zouzewenden. Onsécherheet an Iwwerfuerderung si Gefiller, déi et engem dann onméiglech maachen um Vëlosverkéier deelzehuelen.

An enger Atmosphär mat vill Vertraue sollen Ängschte geholl ginn an de Vëlo sech dem zukünftege Cyclist ganz nei duerstellen. Op enger roueger Plaz léiert jiddwereen a sengem Tempo d’Konscht vum Vëlofueren. Übungsgefierer ginn zur Verfügung gestalt.

Alles wat ee wësse sollt

Folgend Course stinn zur Verfügung

Dënschdes, den 31. Mäerz bis Donneschdes, den 9. Abrëll
Vun 14:30 bis 17:00 Auer oder vu 17:30 bis 20:00 Auer

D’Käschte leie bei 100 € pro Persoun. D’Umeldung ass obligatoresch (Tel. 43 90 30 29, Email veloschoul@velo.lu).

Gehale ginn d’Course vun engem/enger lizenzéierteR VëlofuererIn. Et gräift een dobäi op d’Method vum Christian Burmeister, Pionéier a Saache Vëlofuere-léieren an Däitschland, zeréck. D’Basis ass een psychologescht, didaktescht a sportwëssenschaftlecht Konzept. D’Course ginn a Lëtzebuerger, franséischer, däitscher an englescher Sprooch ofgehalen.

Related topics Cours, Cyclisten, Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ, LVI, Stad Lëtzebuerg, Vëlo, Vëlo fuere léieren
Next post Previous post