Wou ass den Infektiounsrisk am gréissten?
De franséischen Institut Pasteur presentéiert an Zesummenaarbecht mat der Nationaler
De franséischen Institut Pasteur presentéiert an Zesummenaarbecht mat der Nationaler
Um Dënschdeg, den 11. Juni huet d’Fruechtkontrolleenheet vum Zoll 462.000
Am Kader vum europäeschen Dag vum Europarot fir de Schutz
Am Ganze sinn duerch déi eege Beenkraaft 20 Kilometer zeréck geluecht ginn. Um fréie Moien hu sech eng 40 Cyclisten zesummefonnt, fir un der 4. Editioun vun der Manifestatioun „Mam Vëlo vu Miersch an d’Stad“ deelzehuelen, an esou ganz sportlech bis op d’Aarbecht, an d’Schoul oder een anere Rendez-vous ze kommen. Fir eng éischt Kéier huet d’Gemeng Biissen d’Aktioun ënnerstëtzt an och een Depart an der eegener Gemeng organiséiert, fir uschléissend dem Grupp zu Miersch bäizetrieden.
Et war zwar immens fréi, an awer ass de Grupp pünktlech um hallwer 7 fortgefuer. An der Stad Lëtzebuerg sinn d’Cycliste schliisslech vun de Schäffe Patrick Goldschmidt a Maurice Bauer begréisst ginn a krute fir hir sportlech Leeschtung mat enger Mëtsch belount.
Elo sinn et scho 7 Joer hir, datt d’Aktioun eng éischt Kéier lancéiert ginn ass. Deemools hat d’LVI, zesumme mam Verkéiersverbond, d’Partner vun der „Conventioun Uelzechtdall“, also de Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen, sou wéi d’Gemenge Walfer, Steesel, Luerenzweiler, Lëntgen a Miersch, an natierlech net ze vergiessen d’Stad Lëtzebuerg kontaktéiert, fir esou op den Defizit u Sécherheet a Komfort fir d’Cyclisten op der Streck opmierksam ze maachen. Doropshin sollt de Vëlo als gréngt Verkéiersmëttel ënnerstëtzt a qualitativ héichwäerteg Infrastrukture fir Cycliste provozéiert ginn.
Mam Vëlo vu Miersch an d’Stad © LVI
Mëttlerweil ass d’Streck tëscht Miersch a Walfer fir d’Cyclisten tatsächlech méi sécher a komfortabel ginn. Trotzdeem recommandéiert d’LVI verschidde weider Moossnamen, déi zur Verbesserung féiere kéinten.
Eng méi direkt a schnell Verbindung op de Vëlospisten tëscht Miersch an der Stad wire wënschenswäert. De Projet vum Reamenagement vun der N7, deen am Juli 2017 vum Ministère presentéiert ginn ass, huet schonn ee gudde Schrëtt an déi richteg Richtung gemaach. Allerdéngs waart een nach ëmmer op déi eigentlech Realisatioun.
Weiderhi bleift d’Sécherung vun der PC1 um Niveau Kromm Läntgen zu Walfer an der Rue des Hauts Fourneaux zu Dummeldeng ee Problem. Hei gesäit de Ministère eng propper Ëmsetzung vum Vëloswee laanscht d’Schinne fir, de Projet ass awer och nach net konkret genuch.
Eng zimlech rezent Kritik ass d’Installatioun vu fixe Barrièren, sou datt d’Cycliste gezwonge gi méi lues ze fuere wann een an de Parc Laval zu Weimerskirch erafiert. D’Plaz tëscht den aktuelle Barrièren ass zimlech begrenzt, sou datt de Passage sech als schwéier erausstellt. Virun allem wann een eng Remorque um Vëlo huet, een Tricycle oder aner speziell Zweerieder fiert, gëtt een hei virun eng Erausfuerderung gestallt.
Bei allen Umierkunge weist ee sech awer glécklech, datt d’PC1 op der Héicht vun der „Eecher Paart“ (Rue Laurent Ménager) nees op ass. Donieft kann een einfach mam Panorama-Lift vum Pafendall an d’Uewerstad kommen. Doduerch, datt d’Notzung vum Vëlo ëmmer méi beléift gëtt, ginn och d’Vëlospiste gäre genotzt.
Opmaacherfoto: Ukomm um Knuedler © LVI