Search

You may also like

Rätselhaft Covid19-Strategie
Neiegkeeten

Rätselhaft Covid19-Strategie

Datt déi ganz Aschränkungen an soss Mesurë vum Covid19-Gesetz bis

DP Nationalkongress: „Mir sinn iwwerzeegt, déi bescht Iddie fir eist Land ze hunn!“
Neiegkeeten

DP Nationalkongress: „Mir sinn iwwerzeegt, déi bescht Iddie fir eist Land ze hunn!“

Sonndeg de Mueren 10:00 Auer: Den Auditoire am Tramsschapp um

Neies vum Bichergeck: Eng Tut fir Halloween
Neiegkeeten

Neies vum Bichergeck: Eng Tut fir Halloween

Den 31ten Oktober ass Halloween. Dësen Dag huet an de

Vel’OH! – een neie System vum Locatiounsvëlo

Modern, sécher, einfach an zu 100 % mat elektrescher Assistenz

Vel’OH! – een neie System vum Locatiounsvëlo

Leschte Freideg huet de Schäfferot den neie System vun de Locatiounsvëloe vun „vel’OH!“ ageweit. Déi nei Generatioun vu vel’OH! mat elektrescher Assistenz setzt sech perfekt an den System, den et säit 2008 gëtt, an, wouduerch een de Vëlo als Fortbeweegungsmëttel nees zeréck an d’Stad wollt bréngen. Et ass eng enorm wichteg Etapp a, Konzept vun der Fortbeweegung, mee awer och vun der doucer Mobilitéit. Déi nei Generatioun ass ab elo an den neie Quartieren ze fannen, wou sech vill Leit ophalen.

No engem Opruff vun der Stad Lëtzebuerg fir Kandidate fir de System mat de Vëloen, déi ee loune kann, ze fannen, huet d’Haaptstad sech fir d’Societéit JCDecaux Luxembourg S.A. Entscheed. Bis 2028 sollen si d’Notzung vum vel’OH! Garantéieren. An dësem Kader ass dann och ganz neit Equipement opgeriicht ginn: eng honnert Statiounen, 1.900 Uschlëss an 900 Vëloe mat elektrescher Assistenz.

Duerch säi modernt Design, senger villfälteger Sécherheetsausrüstung, neien, héich technologesche Funktiounen an duerch seng einfach Handhabung stellt de vel’OH! Eng wesentlech Verbesserung fir d’Verbraucher duer, wou dann och de Präis vum Abonnement ugepasst ginn ass.

De System vun de Locatiounsvëloen ass 24/24 all Dag benotzbar. D’Statioune sinn duerch verschidde Quartiere vun der Haaptstad verdeelt, mee och an ugrenzend Gemengen, wéi Hesper oder Stroossen. Duerch den elektresche Vëlo kann een dann och vun enger gewëssen Distanz aus Héichtenënnerscheeder ganz einfach meeschteren.

velOH

© Charles Soubry

Zu 100 % elektresch!

Déi elektresch Assistenz ënnerstëtzt den Notzer an erméiglecht ëm, méi einfach vun A no B ze kommen, sief et fir op d’Aarbecht, fir kleng Akeef ze maachen oder einfach fir d’Stad bësse kucken ze goen. Beim Fuere geet d’Assistenz automatesch un, sou datt den Notzer selwer näischt maache muss.

  1. D’Assistenz gëtt ab enger bestëmmte Kraaft vum Notzer aktivéiert
  2. Soubal de Motor un ass wäert de Vëlosfuerer eng gewëssen Acceleratioun verspieren
  3. Déi elektresch Assistenz schafft je no Geschwindegkeet méi oder manner (maximal Vitesse: 25 km/h)

Mat 28,6 kg sinn déi nei vel’OH! En liicht méi schwéier, wéi soss. Dat läit eben um Motor. Méi Informatiounen heizou fannt Dir um Site.

Opmaacherbild: © Charles Soubry

Related topics Douce Mobilitéit, Hesper, Stad Lëtzebuerg, Stroossen, Transport, Vël‘oh, Vëlo
Next post Previous post