Search

You may also like

Polit-Lego op der Insel
Neiegkeeten

Polit-Lego op der Insel

Den Ëmbau vun der Regierung huet sech schonn Enn August

Ausenanersetzungen um Tempelbierg halen un
Neiegkeeten

Ausenanersetzungen um Tempelbierg halen un

Zanter dem Enn vum Faaschtemount Ramadan, entwéckelt sech um a

Käerjeng: Beweegung am Dossier afrikanesch Schwéngspescht & Zonk
Neiegkeeten

Käerjeng: Beweegung am Dossier afrikanesch Schwéngspescht & Zonk

Wéi d’Gemeng Käerjeng matdeelt, huet sech de 26. Juni 2019

Reorganisatioun vum Vëlo- a Foussgängerverkéier am Gemengepark

Reorganisatioun vum Vëlo- a Foussgängerverkéier am Gemengepark

De Mëttwoch, de 16. Juni 2021 hunn de Serge Wilmes, éischte Schäffen a Responsabel fir d’Parken sou wéi de Patrick Goldschmidt, Schäffen a Responsabel fir d’Mobilitéit, d’Reorganisatioun vum Vëlo a Foussgängerverkéier am Gemengepark virgestallt. Duerch dës nei Organisatioun wëll d’Stad Lëtzebuerg d’Sécherheet vun de Foussgänger an de Cycliste verbesseren.

An de Virschrëfte ginn entweder Weeër festgeluecht, déi ausschliisslech fir Foussgänger oder Cycliste sinn, oder gemëschte Weeër, déi d’Zesummeliewen am géigesäitegem Respekt erméiglechen. Mat dëser Ännerung steet de Cyclisten eng nei Zwee-Weeër-Route (op der Säit vum Boulevard Prince Henri) zur Verfügung. Si verbënnt den Eck Avenue de la Porte-Neuve/Boulevard Prince Henri mat dem Eck Avenue Marie-Thérèse/Boulevard Prince Henri.

Et ass en wichtegt Element fir d’Vëlosmobilitéit an der Stad, déi nei Route suergt fir eng sécher Fortbeweegung tëscht de Quartiere Lampertsbierg/Kierchbierg a Bannestad/Gare sou wéi den Uelzechtdall mam Lift an de Pescatore Park.Fir Foussgänger sinn d’Weeër an de Stater Parke reservéiert, esou gëtt hier Sécherheet verbessert, zemools op Plaze mat héijem Foussgängeropkommen.

ProVeloNet jiddereen ass esou Begeeschtert wéi de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg

D’Achs op der Boulevard Joseph II Säit sou wéi transversal Verbindungen (respektiv ronderëm d’Avenue Marie-Thérèse, d’Emile Reuter an d’Avenue de la Porte-Neuve) bleiwe fir Cyclisten a Foussgänger zougänglech.

D’Reorganisatioun vum Vëlosfuerer a Foussgängerverkéier am kommunale Park gouf duerch passend horizontal a vertikal Beschëlderung ëmgesat. Fir d’Ëffentlechkeet iwwer d’Ännerungen ze informéieren, huet d’Stad Lëtzebuerg Informatiounspanneaue bei de verschiddenen Entréeë vun de Parken ageriicht.

Informatiounspersonal wäert de Passanten zur Verfügung stoe fir op all Froen ze reagéieren.

Weider Informatioune fannt Dir hei: velo.vdl.lu

Foto: © Asbl ProVelo

Related topics Asbl ProVelo, Cyclisten, Foussgänger, Sécherheet, Stad Lëtzebuerg, VDL
Next post Previous post