Search

You may also like

Zäit fir ze spillen an ze entdecken, Zäit fir nozelauschteren an ze schwätzen
Neiegkeeten

Zäit fir ze spillen an ze entdecken, Zäit fir nozelauschteren an ze schwätzen

Mee statt sech der Kritik zouzewennen, well een d‘Auer nu

Autarkia Köln – Eng Foire voller Inspiratioun an Alternativléisungen
Neiegkeeten

Autarkia Köln – Eng Foire voller Inspiratioun an Alternativléisungen

Fir eng éischte Kéier duerft déi jeck Stad Köln Deel

Adieu – Eng musikalesch Erënnerung u S.A.R. de Groussherzog Jean
Neiegkeeten

Adieu – Eng musikalesch Erënnerung u S.A.R. de Groussherzog Jean

De Groussherzog Jean war an ass nach ëmmer bekannt fir

Ausbau vum Vëlospiste-Reseau am Norden

Neien ënnerierdesche Passage fir Cyclisten a Foussgänger zu Klierf offiziell ageweit

Ausbau vum Vëlospiste-Reseau am Norden

Gëschter hunn den Transportminister François Bausch (déi gréng) an den Energieminister Claude Turmes (déi gréng) a Begleedung vum Klierfer Buergermeeschter a Syvicol-President Emile Eicher (CSV) an der Caritas-Presidentin Marie-Josée Jacobs zu Klierf den neien ënnerierdesche Passage fir Cyclisten a Foussgänger ageweit.

Den neien ënnerierdesche Passage fir Cyclisten a Foussgänger gliddert sech an d‘Realisatioun vun der Nord-Vëlospist (PC21) an. Dës Vëlospist start zu Ettelbréck a féiert iwwert d‘Schmëtt un déi belsch Grenz. De PC21 soll dann och mat der Vennbahn verbonne ginn. Dës éischter touristesch ausgeriichte Vëlospist féiert iwwert 125 Kilometer bis op Oochen.

Um Streckenofschnëtt tëscht Klierf an der Pafemillen (Cinqfontaines) follegt de PC21 de Schinnen. Den ënneschte Passage fir Cycliste verbënnt de Klierfer Zentrum mat der Gar (Eisebunn & Bus), dem Lycée Edward Steichen, an iwwert d‘Transversale vu Klierf, déi zukünfteg PC7, déi laanscht d‘N7 verleeft. D‘PC21 assuréiert den Accès zu weidere Vëlo-Itineraire am Norde vum Land.

Vëlospiste

Vläicht hätt een, bezunn op d‘Regioun an d‘Proximitéit zu Däitschland, de Panneau an zwou Sproochen (Franséisch/Däitsch) kënne verfaassen. Richteg professionell wier et gewiescht, wann een op de Panneau ee QR-Code gepecht hätt, fir datt déi international Touristen, d‘Informatiounen och op Däitsch an Englesch kéinten ofruffen. © MMTP

Fir den Transportminister François Bausch ass dëse Projet net nëmmen essentiell fir déi alldeeglech Deplacementer vun de Residente, mee och fir den internationale Cyclotourismus. Dat awer eréischt wann d‘PC21 och mat der Vennbahn verbonnen ass. Den Uschloss un dës touristesch Vëlospist, wäert dat Ganzt zu enger vun de schéinste Vëlospisten an der Groussregioun maachen.

Et ass dann och méiglech, datt ganzt Land vun Ëlwen bis an den déiwe Süden op enger Nord-Süd Achs an engem sécheren Ëmfeld ze duerchfueren. Elo geet et drëms d‘Aarbechten – hisiichtlech der Ouverture vun der Klierfer Transversale am Fréijoer 2023 – an den dofir virgesinne Phasen iwwert d‘Bühn ze kréien. De Projet dee gëschter ageweit gouf, ass an 270 Schaffdeeg gemeeschtert ginn.

Foto: (v.l.n.r.) Marie-Josée Jacobs (Caritas-Presidentin); Claude Turmes (Energieminister); François Bausch (Transportminister); Emile Eischer (Buergermeeschter vu Klierf). D‘Käschte fir de Bau vun dësem ënnerierdesche Passage belafen sech op 1,2 Milliounen Euro. © MMTP

Related topics Claude Turmes, Emile Eicher, François Bausch, Klierf, Marie-Josée Jacobs, Vëlospist PC21, Vennbahn
Next post Previous post