Search

You may also like

Galerie: Bacchusfescht zu Réimech
Neiegkeeten

Galerie: Bacchusfescht zu Réimech

Op Léiffrawëschdag hat de Syndikat d‘Initiative vu Réimech op säin

Daniel Düsentrieb 2.0 – Mini Maker Faire zu Rouspert
Neiegkeeten

Daniel Düsentrieb 2.0 – Mini Maker Faire zu Rouspert

Ëmmer méi Leit hunn an de leschte Joren hiert eegent

120.000 Aluedungen zum Test a keen dee kënnt
Neiegkeeten

120.000 Aluedungen zum Test a keen dee kënnt

Iert de 24. Dezember déi siwent Modifikatioun vum Covid19-Gesetz gestëmmt

Vëlosschoul fir Erwuessener

D‘Stad Lëtzebuerg a provelo.lu bidden am Abrëll e Léiergang fir Erwuessener un déi Vëlo fuere wëllen

Vëlosschoul fir Erwuessener

Vum 6. bis de 15. Abrëll bidden d‘Stad Lëtzebuerg a provelo.lu eng Vëlosschoul fir Erwuessener un. Dës Offer riicht sech speziell un erwuesse Persounen, déi ni d‘Geleeënheet haten et ze léieren, mee och deenen, déi nees méi „sécher“ mat hirem Vëlo wëllen ënnerwee sinn.

D‘Course fannen an der Stad ënner fräiem Himmel an an engem gesécherten Ëmfeld statt. Dëse Léiergang fundéiert op engem Programm, deen d‘Psychologie, d‘Didaktik an d‘Wëssenschaft vun de sportlechen Aktivitéite matenaner verbënnt. Kléngt wéi wann si et géifen Eescht huelen an dat sollt eng zousätzlech Motivatioun sinn.

Bleift nach emol ze betounen, datt d‘Stad Lëtzebuerg sech virgeholl huet, der doucer Mobilitéit an dem Vëlo besonnesch, méi Sécherheet am urbane Raum ze bidden. Et fält et op datt sech a punkto Infrastrukturen zimmlech eppes deet, wat een esou duerchaus begréisse sollt. Mat provelo.lu huet d‘Stad zudeem e vertrauenswierdege Partner.

Zu de Modalitéiten

  • De Cours gëtt ugebuede vum Dënschdeg 6. bis Donneschdeg 15. Abrëll;
  • et gëtt zwou Seancen: eng vu 14.30 bis 17.00 Auer / eng vu 17.30 bis 20 Auer;
  • d‘Sprooche sinn: lëtzebuergesch, däitsch, franséisch an englesch;
  • d‘Participatioun kascht 100 (honnert) Euro.

Fir d‘Aschreiwung

ProVelo Asbl

6 Vauban-Strooss

2663 Lëtzebuerg

Tel: 4390 3066

Email: veloschoul@provelo.lu

Illustratioun: Mam Vëlo duerch d‘Stater Gaassen… et mécht een eppes fir d‘Gesondheet, et ass och erstaunlech wat ee Spaass et mécht, a wat ganz verréckt ass, et ass ee wierklech einfache Bäitrag zur Klimaneutralitéit. © Massimo Adami / unsplash

Related topics Douce Mobilitéit, provelo.lu, Stad Lëtzebuerg, Vëlosschoul
Next post Previous post