Klimawandel: an Australien kraazt de Thermometer un de 50°C
Am Land vun de Koalabieren an de Kängurue leeft de
Am Land vun de Koalabieren an de Kängurue leeft de
D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt am Kader vum Reamenagement vun
Ganzer 4 Mesuren sinn esou um vergaangene Freideg presentéiert ginn. Heibäi huet de Minister Bausch preziséiert, datt sech d’Vëlo-fueren zënter dem Ufank vun der sanitärer Kris verstäerkt huet an d’Praktik nei oplieft. „Eise Wonsch ass et komplett vun dësem Opschwong ze profitéieren andeems mir dem Vëlo nach méi konsequent Plaz schafen.“
(v.l.n.r.) Lex Delles, Tourismusminister; François Bausch, Transportminister © MMTP
Am Zäitraum vum 11. Mee 2020 bis den 31. Mäerz 2021 soll d’Primm „Clever Fueren“ verduebelt ginn fir all Persoun, déi sech e Vëlo oder e Pedelecs25 keeft ënner Virbehalt vun de Prozedure vum Gesetz an de Reglementer. D’Primm läit bei 50 % vum Präis ouni TVA, ouni dobäi 600 € ze iwwerschreiden.
Wärend den CFL-Chantieren op der Streck an den Norden gi speziell Navette fir Vëloen ageriicht. Esou soll de weideren Transport vun garantéiert ginn. D’Plaze sinn heibäi op 8 Vëloe begrenzt, d’CFL proposéiert eng Reservatioun bis spéitstens 4 Stonne virum Depart vun der Navette.
Tëscht dem 1. an 31 August riicht d’Stroossebauverwaltung et an, datt Cyclisten, RGTR-Busser an Awunner sech iwwert 16 verschidde Strecken deplacéiere kënnen. De motoriséierte Verkéier gëtt an där Zäit ëmgeleet, sou datt d’Ofschnëtter sécher vu Cyclist a Co genotzt kënne ginn. Heibäi handelt et sech ëm folgend Strecken:
All Propositioune ginn de Gemengen zougeschéckt, sou datt si bis den 23. Juni 2020 Gebrauch vun hirem Veto-Recht maache kënnen.
Ab dem 23. Juni 2020 gëtt en neie Service ugebueden, bei deem d’Gepäck vun de Cyclisten transportéiert gëtt. Dobäi ginn d’Wallissen, Rucksäck a Poschen vun enger Hebergement-Struktur bei déi Nächst bruecht. An dëser Zäit kann de Client sech zu Fouss oder mam Vëlo op de Wee bei déi nächst Destinatioun maachen.
Fir den Tourismussecteur nees a Schwong ze brénge gouf decidéiert, datt dëse Service bis zum Enn vum Joer gratis ugebuede gëtt. De Minister Delles huet dobäi ënnerstrach, datt mat dëser eenzegaarteger Moossnam dem Resident an Tourist, mee och dem Hebergement Ënnerstëtzung gebuede gëtt.
(v.l.n.r.) François Bausch, Transportminister; Lex Delles, Tourismusminister © MMTP
Mam Vëlosummer 2020 ginn d’Vëlospisten opgewäert a féieren eis mat engem nohaltegen Transportmëttel duerch villfälteg Landschaften. „De Vëlossport ass sécherlech déi bescht Méiglechkeet fir déi fënnef Regioune vum Groussherzogtum ze entdecken, wärend een ënnert de beschte Konditioune vum Horesca-Secteur empfaange gëtt“ erkläert den Tourismusminister ofschléissend.
Opmcherbild: (v.l.n.r.) François Bausch, Transportminister; Lex Delles, Tourismusminister © MMTP