Search

You may also like

Irma huet Barbuda voll erwëscht
Kultur Neiegkeeten Sport

Irma huet Barbuda voll erwëscht

Haiser déi sech „opgléist“ hunn, Geschäfter opgerappt, Palmen entwuerzelt: Nodeems

Looss dech vun dëser Youtuberin zoutexten
Kultur Neiegkeeten Sport

Looss dech vun dëser Youtuberin zoutexten

An de Bicherbuttek ze goe, kann ee richteg erschloen. Honnerte

Mengs de, du packs et duerch dëse Lëtzebuergesch-Quiz?
Kultur Neiegkeeten Sport

Mengs de, du packs et duerch dëse Lëtzebuergesch-Quiz?

[onionbuzz quiz-id=157][/onionbuzz] Och dës Woch hu mer en neie Lëtzebuergesch

Vëlosummer 2021: Mat 12 Circuiten an der neier Tourismus-App

Vëlosummer 2021: Mat 12 Circuiten an der neier Tourismus-App

Nom grousse Succès vun der éischter Editioun ass haut de Programm vum „ Vëlosummer 2021“ presentéiert ginn. Vum 31. Juli bis den 29. August wäerten 12 Circuiten mat am Ganze 550 km de Cyclisten, Touristen an aktive Persounen um Vëlo zur Verfügung stoen an et hinnen erméiglechen eist Land a senger ganzer Diversitéit ze erliewen.

Fir eng besser Organisatioun ze garantéieren ass am Oktober 2020 en Appell à Projet lancéiert ginn. Elo huele 65 Gemengen deel, déi mat dëser Offer och den Horesca-Secteur an de Commerce stäerke wëllen, dozou awer gläich méi. Wéi och am schonn am leschte Joer wäerte verschidde Stroossen fir de motoriséierte Verkéier gespaart sinn (mat Ausnam fir Awunner). Dat bezitt sech op 112 vun den am Ganze 550 km. Dovunner wäerten 103 km fir ee bis zwee Weekender zou sinn.

Folgend Strecke sinn ausgewielt ginn:

  • Route : „VëloViaNorden“ (de 7. an 8. August, sou wéi de 14. a 15. August)
  • Route : „Uewersauer Tour“ (den 21. an 22. August)
  • Route : „Iwwer Bierg an Dall Tour“ (de 14. a 15. August, sou wéi den 28. an 29. August)
  • Route : „Sauer-Musel Tour“ (vum 31. Juli bis den 29. August)
  • Route : „Syrdall-Tour“ (vum 31. Juli bis den 29. August)
  • Route : „Regioun-Mëllerdall-Tour“ (den 31. Juli an 1. August)
  • Route : „Süd-Tour“ (vum 31. Juli bis den 29. August)
  • Route : „Syre-Uelzechtdall Tour“ (vum 31. Juli bis den 22. August)
  • Route : „Family Tour am Westen“ (vum 31. Juli bis den 22. August)
  • Route : „Mamerdall-Tour“ (den 21. an 22. August)
  • Route : „Castle Tour“ (den 28. an 29. August)
  • Route : „Mam Jangeli bei d’Kätti“ (vum 31. Juli bis den 29. August)

Vëlosummer 2021

Dovu sollt ee profitéieren

Bei der Editioun 2020 hunn am Ganze 40.000 Persounen deelgeholl a positive Feedback ginn. Esou war et dem Vize-Premier an Transportminister François Bausch, sou wéi dem Tourismusminister Lex Delles, déi haut de Moien de „Vëlosummer 2021“ presentéiert hunn, net nëmmen Strecke fir Cyclisten an Touristen unzebidden, mee och de passende Ronderëm ze offréieren.

Eng Kaart mat den 12 Strecken steet op der Säit www.velosummer.lu zur Verfügung. Profitéiere kann een och vun der neier „Tourismus-App“. D’Gemengen an déi 5 ORTe vum Land hu sech ëm den touristesche Kaderprogramm gekëmmert, sou datt verschidde Secteure verbonne ginn. Eng kleng Erfrëschung ënnerwee, eppes Guddes ze iessen op enger Terrasse oder och eng Visitt vun enger touristescher Attraktioun kënnen esou einfach mam Tour verbonne ginn.

Och de Service vu movewecarry.lu gëtt nees ugebueden. Dësen erméiglecht et den Touristen hiert Gepäck gratis vun A no B liwweren ze loossen, sou datt si d’Diversitéit vum Land um Vëlo komplett genéisse kënnen. Wie säit 50-Euro-Iwwernuechtungsbong nach net ageléist huet, kann dat nach bis de 15. September maachen – villäicht jo a Kombinatioun mam Vëlosummer?

Vëlosummer 2021
(v.l.n.r.) Lex Delles, Tourismusminister; François Bausch, Vize-Premier an Transportminister © MMTP

Fir de Minister Bausch huet sech am vergaangene Joer bewisen, datt de Vëlo als effikasst an nohaltegt Fortbeweegungsmëttel ugesi gëtt an e groussen Opschwong erlieft huet. Initiative wéi dës gi grad elo wärend der Pandemie op d’Loscht no enger Aventure, Erliefnisser a Beweegung super ugeholl.

Deem huet de Lex Delles bäigefüügt: „Nom grousse Succès am vergaangene Joer, dee bewisen huet datt Lëtzebuerg eng super Destinatioun fir den Tourismus um Vëlo ass, hu mir decidéiert d’Offer vum „Vëlosummer“ ze erweideren.“ Déi cyclo-touristesch Strecken goufe verduebelt an d’Gemengen, déi deelhuelen, hu sech souguer verdräifacht.

Opmaacherfoto: Vun der Affiche mam Priedegtstull – ampersand.studio, Foto: Pancake

Related topics 50 € Bong, Commerce, François Bausch, HORESCA, Kultur, Lex Delles, MoveWeCarry, Natur, Sport, Tourismus, Vëlosummer 2021
Next post Previous post