Search

You may also like

15 Start-up Entreprise selektionéiert
Neiegkeeten

15 Start-up Entreprise selektionéiert

Ënnert dem Motto: „Start-ups vs Covid19“ hat de Franz Fayot

Frankräich: Keng Police-Interventioun wärend dem Ramadan?
Neiegkeeten

Frankräich: Keng Police-Interventioun wärend dem Ramadan?

An enger interner Note huet de regionalen Direkter vun der

Sea Shepherd Luxembourg: Weltwäit a lokal aktiv
Neiegkeeten

Sea Shepherd Luxembourg: Weltwäit a lokal aktiv

Zu Esch Belval hat ee Samschdeg déi Lëtzebuerg Sektioun vun

Vëlosverbindung Esch-Uelzecht – Belval: endlech?

Vëlosverbindung Esch-Uelzecht – Belval: endlech?

Scho Jore virun der Erëffnung vun der Universitéit op Belval hat déi Lëtzebuerger-Vëlosinitiativ drop higewisen, wéi wichteg eng gutt an direkt Vëlosverbindung vun do aus an den Escher Zentrum fir déi nohalteg Mobilitéit am Allgemengen an fir d‘Studenten am besonnesche wier.

De 6. Dezember si mir dëser wichteger Verbindung elo endlech e Schratt méi no komm, well d‘Stroossebauverwaltung e Projet fir eng Vëlospist, nach dobäi a Form vun der längster Vëlosbréck vun Europa, tëscht béide Standuerter virgestallt hat.

D‘Lëtzebuerger-Vëlosinitiativ (LVI) begréisst, datt dëse prestigeträchtege Projet an enger Rekordzäit realiséiert an nach während dem Kulturjoer 2022, mat Esch als Kulturhaaptstad, soll erëffent ginn, grad esou wéi déi weiderféierend Planung fir d‘Expressweeër vum Süden a Richtung Lëtzebuerg Stad.

Eng ähnlech ambitionéiert an iwwerzeegend Virgoensweis géife mir eis och bei der Bréck vum Cents zum Kierchbierg wënschen. E Projet dee elo schon zanter iwwert engem Joerzéngt ëmmer nees ouni Resultat diskutéiert gëtt.

Fir d‘Awunner vun de Südgemenge vun der Notzung vum Vëlo ze iwwerzeegen, wäert et allerdéngs méi brauche wéi eng Spektakulär Verbindung. Well e Vëlosreseau ass och nëmmen esou gutt wéi säi schwächst Glidd an un Schwaachstelle feelt et hei net.

Déi Lëtzebuerger Vëlosinitiativ fuerdert dofir d‘Schäfferéit op méi konsequent op déi aktiv Mobilitéit ze setzen an d‘Erkenntnisser wéi och d‘Empfeelungen, déi de Pro-Süd Gemengen 2018 am Kader vun der „Etüd zur Vëlos-Tauglechkeet“ virgestallt goufen, esou séier wéi méiglech an d‘Dot ëmzesetzen.

Nëmmen e kohärent an séchert Netz bannent den Uertschafte wäert den Awunner erlaben déi uewe genannten Infrastrukturen ze erreechen an esou iwwerhaapt an de Genoss dovunner ze kommen.

A wier et net och schéi schonn am Kulturjoer en deel vum kulturhistoreschen Ierwen nees opliewen ze loossen an dofir ze suergen, datt wa wei zu Héichzäite vun der Stolindustrie, wann d‘Schicht ugaangen ass, nees honnerte Cyclisten duerch d‘Stroosse vun Esch an Ëmgéigend géif rullen?

matgedeelt vun der Lëtzebuerger-Vëlosinitiativ, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Stocksnap

Related topics Cyclabilitéit, Esch-Belval, Express-Vëlospisten, François Bausch, GECT, LVI, Mobilitéit, Vëlospisten, Vëlosverbindung
Next post Previous post