Search

You may also like

Nationale Wandersportdag zu Iechternach: Eng besonnesch Editioun fir de gudden Zweck
International Neiegkeeten

Nationale Wandersportdag zu Iechternach: Eng besonnesch Editioun fir de gudden Zweck

Leschte Sonndeg huet d’Lëtzebuerger Wandersportfederatioun (FLMP) e weidert grousst Evenement

Büchel: Protestaktioun géint atomare Rüstungswettlaf
International Neiegkeeten

Büchel: Protestaktioun géint atomare Rüstungswettlaf

D’Campagne “Krieg beginnt hier” an dat interregionaalt Friddensnetzwierk “QuattroPax” ruffen den

Kee Wunnraum, mee vill Büroen a soss Geschäftsraimlechkeeten
International Neiegkeeten

Kee Wunnraum, mee vill Büroen a soss Geschäftsraimlechkeeten

Nach, esou JLL gëschter bei der Pressekonferenz, géif een an

Venezuela: En ass nees do!

De Juan Guaido ass nees am Land an huet fir ee Samschdeg zu neie Protester opgeruff

Venezuela: En ass nees do!

Egal aus wéi engem Bléckwénkel een et betruecht, dem Juan Guaido säi „Retour“ war en Triumph. Hien ass um Fluchhafe vu sengen Unhänger an Ambassadeuren (aus Länner déi den Dissident als Interimspresident unerkennen) empfaange ginn. Och d‘Medie ware massiv präsent a wollten sech dësen Ament net entgoe loossen.

Fir den Dissident a selwer ernannte President vu Venezuela, war dëse Schratt e wichtegen, wann och éischter e symboleschen. Eigentlech hätt een domatter gerechent, datt de Juan Guaido bei senger Arrivée um Fluchhafe vun der Nationalgard géif verhaft ginn. Mee et koum anescht an de populäre Regimegéigner ass ouni Problemer duerch d‘Kontrollen duerchgelooss ginn.

A Begleedung vun den Diplomaten an de Medien, huet sech de Juan Guaido an den Zentrum vu Caracas beginn, wou hie scho vun dausenden Unhänger erwaart ginn ass. Am Gewulls datt dunn entstanen ass, huet hien engem Journalist erkläert wéi hien an d‘Land erakomm ass. Laut dem Statement, wier de Juan Guaido vun de Beamte mat „Wëllkomm President“ empfaange ginn.

Den Dissident am Virdeel

Aus enger propagandistescher Siicht kann ee bestätegen, datt de Juan Guaido seng „Muecht“ gutt an treffend demonstréiert huet. Wéi hien un d‘Riednerpult erugetrueden ass, konnt een him d‘Zefriddenheet am Gesiicht ofliesen. An der Usproch u seng Unhänger, huet den Dissident dunn déi nächst Schrëtt am Kampf géint d‘Regierung erläutert:

„Mobiliséierung, Solidaritéiet vun Allen an der Strooss. International Kooperatioun! D‘Welt kuckt op eis a wäert eis hëllefen. Mee um Enn musse mir op dësem Wee weidergoen ouni ons ophalen ze loossen. Dir alleguerte sidd mächteg Bierger, och wa si eis agetriichtert hunn, datt mir dat net packen. Si hunn eis gedreet, mee mir sinn hei. An allen Ecke vum Land, esou wéi et eis Flicht ass“.

Venezuela

Zu hirer dausende waren se zu Caracas zesummekomm, fir den Dissident a selwer proklaméierte President, Juan Guaido, ze begréissen. © Stalin Gonzáles

De Juan Guaido huet d‘Venezuelaner zu enger grousser Demonstratioun fir e Samschdeg opgeruff. D‘Masse ware begeeschtert… Stellt sech elo awer d‘Fro, op de Nicolas Maduro den Dissident ka gewäerde loossen. Fakt ass, datt de Juan Guaido géint geltend Recht verstouss huet, an et dierf een erwaarden, datt och een aus dem Ausland ënnerstëtzte Regimegéigner, sech u Gesetzer hale muss.

Aus dem Ausland gëtt dat anescht bewäert. Wann de Juan Guaido Gesetzer gebrach huet, dann huet hien sech net géintiwwer dem President Nicolas Maduro ze veräntwerten, esou wéi dat vun den US-finanzéierte Medie verkläert gëtt, mee virun engem Geriicht. Kee Mënsch steet iwwert dem Gesetz, also gëtt sech drop behaapt datt d‘Justiz am Venezuela längst net méi onofhängeg ass.

mat indymedia/ccs/was

Foto: De Juan Guaido, huet gëschter zu Caracas onbehellegt seng Kundgebung ofgehalen, an fir de nächste Samschdeg zu massivem Protest géint de Nicolas Maduro opgeruff. © Stalin Gonzáles

Related topics Juan Guaido, Nicolas Maduro, Protest, Regimewiessel, Venezuela
Next post Previous post