Search

You may also like

Zur Situatioun vun de Fraen am Prisong
International Neiegkeeten

Zur Situatioun vun de Fraen am Prisong

Wie mengt, datt eng Justizministesch als Fra ee bessert Versteesdemech

10 Joer Krich a Syrien: Kanner liewen tëscht Gewalt an dem Dout
International Neiegkeeten

10 Joer Krich a Syrien: Kanner liewen tëscht Gewalt an dem Dout

Säit zéng Joer bestëmmen alldeeglech Gewalt, Angscht an den Dout

Super Senior: wann et mam Léieren eppes komplizéiert ass
International Neiegkeeten

Super Senior: wann et mam Léieren eppes komplizéiert ass

Et huet ëmmer scho Kanner ginn, déi „net esou séier“

Venezuela: President Nicolas Maduro verwërft EU-Ultimatum

Keng virgezunne Presidentschaftswahlen op Uerder vu „Baussen“

Venezuela: President Nicolas Maduro verwërft EU-Ultimatum

Wéi den Nicolas Maduro, demokratesch gewielte President vum Venezuela sech gëschter op der Tëlee senge Matbierger presentéiert huet, gouf däitlech zum Ausdrock bruecht, datt et entgéint de Fuerderunge vun – elo anscheinend der ganzer EU – Deeler vun der internationaler Communautéit net wäert zu virgezunne Wahle kommen.

Esou eng Ausso féiert natierlech – well jiddereen et no eegenem Geschmaach kann interpretéieren – derzou, datt jee no politescher Ausriichtung, wirtschaftlecher Ofhängegkeet an deels och einfach aus Dommheet, elo behaapt gëtt, datt et de venezuelanesche President ass, deen den Toun verschäerft an et op eng Ausenanersetzung mat der Weltgemeinschaft wéilt ukomme loossen.

Am Interview sot de Nicolas Maduro: „Ech weigere mech Wahlen auszeruffen“. Domatter huet hie Bréissel verdäitlecht, wouhinner si sech hir „Amëschung“ a „Fuerderung“ histiechen dierfen. Dobäi stinn d‘EU-Memberlänner net „geschlossen“ hannert dëser Fuerderung. Déi hunn eigentlech nëmme 7 Länner ausgeschwat, dorënner eis däitsch Noperen, déi ganz besonnesch Interessen hunn.

Déi „siwen“ a méiglecherweis och d‘Kommissärin fir Aussenugeleeënheeten, Frederica Mogherini, kéinten sech haut derzou beweegen, de Juan Guaido, als President vum mëttelamerikanesche Land „unzëerkennen“. Datt mat esou engem diplomatesche Schratt e potentiell déidleche Biergerkrich kann ausgeléist sinn, dees sinn sech déi intervenéierend bewosst. Se si schliisslech Waffenhändler…

Terror, och dem politeschen, ënnerwerft ee sech net!

Bis zur bewaffenter Ausenanersetzung ass et nach e Stéck, an esoulaang ass och kloer, datt et net virun 2024 zu Presidentschaftswahlen am Venezuela kënnt. Géint virgezunne Parlamentswahlen awer, esou d‘Informatioun um spéide Sonndegowend, géif et keng Awänn. Fir de Recht dierft kloer sinn, datt grad wéi Frankräich oder Däitschland, Venezuela keen Ultimatum akzeptéiere kann.

Maduro

Den Hugo Chavez war den Amerikaner schonn en Dar am A. Eigentlech ass jiddereen den USA en Dar am A, deen sech net explizit un hir Uweisungen hält. Si beusprochen zu Washington de Leadership iwwert déi ganz Welt, a si verwonnert, datt et der ëmmer nees gëtt, déi dat net gutt fannen. Déi bréngen se dann iergendwéi ëm, an d‘Weltcommunautéit applaudéiert… © Telesur

De Milliardär, deem et net duer geet seng Zaldoten un der mexikanescher Grenz ze positionéiere, fir ze verhënneren datt déi Mënschen, déi dem Misär deen de 45. US-President a seng Virgänger a Latäinamerika ugeriicht hunn, versichen ze entfléien an d‘USA areesen, huet sech bereet erkläert, och d‘US-Arméi am Venezuela zur Verdeedegung vun US-Interessen (Pëtrol) anzesetzen.

Moskau huet sengersäits drop higewisen, datt et d‘Zil vun der internationaler Communautéit muss sinn, Venezuela ze hëllefen, an net vu Baussen ze zerstéieren. Hei géif ganz entscheet an d‘Politik vun engem Land agegraff ginn, an dat géif scho ganz no un „Aggressioun“ dru kommen, wat jo Washington och net ausschléisst. Eng Militärinterventioun kéint net ouni Konsequenze bleiwen.

Foto: De Nicolas Maduro huet net d‘Ierfschaft vum Hugo Chavez ugetrueden, fir säi Land den USA an der EU auszeliwweren. Dem Land eng amerikanesch Demokratie opzezwéngen, fir de Bierger hiert Eegentum ze stibitzen, dem Kapital d‘Muecht iwwer Wuelstand a Bildung ze iwwerloossen, dat ass dat erkläerten Zil vum Donald Trump. Zu Bréissel hu sech entscheet dobäi matzemaachen. © Telesur

Next post Previous post