Search

You may also like

Wie bestëmmt wat demokratesch ass?
Neiegkeeten Sport

Wie bestëmmt wat demokratesch ass?

Déi russesch Justiz huet dem Dissident Alexej Nawalny seng Organisatiounen

Patrimoine Roses – Rousendiner am Schlass Aansebuerg!
Neiegkeeten Sport

Patrimoine Roses – Rousendiner am Schlass Aansebuerg!

Vir den 2. Abrëll luet Iech de Patrimoine Roses pour

What the Fakt – Den Abrëllsgeck a seng Geschicht
Neiegkeeten Sport

What the Fakt – Den Abrëllsgeck a seng Geschicht

Besonnesch um éischten Dag vum Abrëll muss een immens virsiichteg

Fondatioun Josy Barthel: D’Athletin Vera Hoffmann huet iwwerzeegt

Fondatioun Josy Barthel: D’Athletin Vera Hoffmann huet iwwerzeegt

Déi jonk Athletin Vera Hoffmann duerft viru kuerzem d’Bourse vun der Fondatioun Josy Barthel vum Joer 2020 entgéint huelen. Iwwerreecht gouf dës Auszeechnung an Ënnerstëtzung an de Raimlechkeete vum COSL an der Maison des Sports vum Här Norbert Haupert, dem President vun der Fondatioun

D’Vera Hoffmann ass Member am Elitekader vum COSL a gouf am Preparatiounsprogramm fir d’Olympesch Spiller zu Tokio 2020 ugeholl. Och a sengen Etüde bleift hatt de physeschen Aktivitéiten trei: Aktuell ass d’Athletin mam Master vum Sportsstudium un der Universitéit Saarbrécken beschäftegt.

Am Joer 1995 gouf d’Fondatioun vun der Famill Barthel an dem COSL an d’Liewe geruff. Dës sollt d”Erënnerung un de Josy Barthel oprecht erhalen – hien huet 1952 zu Helsinki d’Goldmedaille am 1500m Laf gewonnen.

Zil vun der Fondatioun Josy Barthel ass et jonk Sportler ze ënnerstëtzen, déi parallel zu hire sportleche Spëtzeleeschtungen weider Etüden, respektiv professionell Formatiounen duerchféiere fir hiert Wëssen ze verdéiwen. Ma, och Athleten, bei deenen d’Enn vun der Karriär méi no kënnt, an déi sech op eng (erneit) Aglidderung am professionelle Liewe virbereeden, kënne vun der Hëllef profitéieren.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Vera Hoffmann; Norbert Haupert © COSL

Related topics Athletin, Bourse, COSL, Ënnerstëtzung, Fondatioun Josy Barthel, Norbert Haupert, Vera Hoffmann
Next post Previous post