Search

You may also like

De Kleeschen war do: D’POST krut Fairtrade zertifiéiertert Tenuen
Neiegkeeten

De Kleeschen war do: D’POST krut Fairtrade zertifiéiertert Tenuen

Zënter November 2020 droen d’POST-Kollaborateuren an der Vente Fairtrade zertifiéiert

moneysurprise
D‘Rechnung wann ech gelift ! Déi finanziell Säit vum Brexit, erkläert
Neiegkeeten

D‘Rechnung wann ech gelift ! Déi finanziell Säit vum Brexit, erkläert

Zwanzeg Milliarden Euro, véierzeg, siechzeg? Déi Zuelen déi ëmmer nees

Inclusioun: eng Saga an dräi Akten
Neiegkeeten

Inclusioun: eng Saga an dräi Akten

En Dënschdeg huet den Munnerefer Deputé-Maire Lex Delles, als Rapporter

Verbesserunge fir d’Leit aus dem Gemengesecteur!

Verbesserunge fir d’Leit aus dem Gemengesecteur!

D’Inneministesch Taina Bofferding huet sech mam SYVICOL, der FGFC an dem Landesverband op eng ganz Rei Verbesserunge fir déi ronn 15.000 Leit, déi am Gemengesecteur schaffen, gëeenegt, dorënner d’Ëmsetzung vum Accord salarial aus der Fonction publique, wéi och nei Mesuren.

Besser Konditioune fir déi Jonk:

  • De Stage gëtt nees op 2 Joer reduzéiert. D’Méiglechkeet, d’Stagezäit zousätzlech ëm ee Joer ze verkierzen, bleift bestoen.
  • All d’Stagiairen, déi no dem 1. September 2017 ugefaangen hunn, kréien hire Stage d‘office ëm ee Joer verkierzt.
  • Déi sougenannte „80-80-90“ Reegel gëtt ofgeschaaft. D’Stagiairë gi réckwierkend op den 1. Januar 2019 nees bezuelt ewéi virun der Aféierung vun dëser Reegel. D’Ufanksgehälter bei der definitiver Ustellung ginn nees berechent ewéi virun der Reform vun 2017 an d’Schaffjoren am Privatsecteur gi ganz ugerechent.

Vereenbarkeet vu Privat- a Beruffsliewen:

  • D’Reform vun den extraordinäre Congésdeeg, ewéi de verlängerte Pappecongé vun 10 Deeg, gi réckwierkend op den Zäitspuerkont gutt geschriwwen (fir d’Period 1.01.-1.09.2018).
  • D’Gemengepersonal kritt an d’Zukunft déi selwecht Déngschtfräistellungen als Aarbechtszäit ugerechent ewéi d’Staatsbeamten.
  • De 9. Mee, den Europadag, gëtt als neie Feierdag och fir de Gemengesecteur festgeschriwwen.

Eng Léisung fir d’Buskontrolleren:

  • An der Carrière vun den „Agents de transport“ goufen déi néideg Upassungen decidéiert, fir dass en Avancement an der Carrière och nees en Avancement an der Paie bedeit!

Moderniséiert Rekrutementsprozedur och bei de Gemengen:

  • Den Admissibilitéitsexame gëtt reforméiert, esouwuel um Fong wéi op der Form. D’Prozedur gëtt digitaliséiert an d’Tester ginn ugepasst fir de Besoine vum Gemengesecteur esou gutt wéi méiglech Rechnung ze droen.
  • D’Examenssessioun vum Juni /Juli 2019 leeft nach nom aktuelle Modell. D’Reform wäert sech eréischt an der Sessioun duerno applizéieren.

Formatioun an definitiven Ustellungsexamen:

  • Och d‘Formatioun vun de Gemengebeamten déi am Stage si gëtt reforméiert. Hei gëtt sech um neie Modell deen de Staat fir seng Stagiairen agefouert huet orientéiert.
  • Dorunner gekoppelt ass och eng Revisioun vun den definitiven Ustellungsexamen am Gemengesecteur (examen d’admission définitive, examen de fin de formation spéciale).

(v.l.n.r.) Armand Loesch, FNCTTFEL; Marco Thomé, FGFC; Emile Eicher, Syvicol; Taina Bofferding, Inneministesch; Alain Becker, Inneminister; Mireille Cruchten, Inneministesch; Jean-Lou Hildgen, Inneminister (c) Ministère de l’Intérieur

Related topics Beruff, FGFC, FNCTFFEL, Gemengesecteur, Jonker, Syvicol, Taina Bofferding, Verbesserung
Next post Previous post