D’Verbrieche vun der libescher Küstewuecht

De Freideg gouf d’Séinoutrettungsorganisatioun Sea-Watch op en Neits Zeien, ewéi déi sougenannte libesch Küstewuecht 100 Mënsche vun 2 Booter géint hire Wëllen an och géint hier Mënscherechter zeréck a Libyen verschleppt huet.

Dobäi ass eent vun de Booter iwwer eng Stonn laang attackéiert a verfollegt ginn. Dramatesch dorunner ass, datt dës brutal Küstewuecht vun der Europäescher Unioun finanzéiert gëtt.

D’Ekipp vum Opklärungsfliger war laang op der Plaz. Si goufen Zeien ewéi déi libesch Küstewuecht probéiert huet, d’Boot ze stoppen. Dofir hunn si och geféierlech Manöver agesat. Esou ass et hinne gelongen, d’Mënschen an hier Gewalt ze kréien. Keen ka sech virstellen, wat si elo zu Libyen erwaart.

Dës weideren ass nach ee weidert Holzboot mat 120 Flüchtlingen an Nout vum Opklärungsfliger fonnt ginn. D’Mënsche waren trotz Stuermwarnung op Séi – op der Sich no Fräiheet, hunn si hiert Liewe riskéiert. D’Autoritéiten, déi vu Sea-Watch informéiert goufen, hunn net reagéiert.

Glécklecherweis konnt d’SEA-EYE 4 dës Persounen retten an u Bord huelen. Bleift nëmmen nach ze hoffen, datt si séier ee sécheren Hafe fannen.

Dernières nouvelles