Vu Knätsch, iwwert Zoppen, hin zur Patisserie: Verbuet vum Faarfstoff E171

No diversen Etüden koumen déi Europäesch Autoritéite fir Liewensmëttelsécherheet (EFSA) zum Entschloss, datt Titandioxid (TiO2) als Liewensmëttelzousazstoff net méi sécher ass. Well d’Substanz fir Glanz suergt a Produiten ophelle kann, gouf e laang Zäit ënnert anerem an der Patisserie, am Mozzarella, Knätsch, verschidden Zoossen a villem méi genotzt.

Nieft de Liewensmëttel ass de Wäissmaacher, deen och als E171 gekennzeechent ass, als wäisse Pigment a Kosmetikproduiten (z.B. Zahnpasta oder Sonnecreme) als CI77891 ze fannen, wéi och a Medikamenter. Dobäi kënnt d’Presenz a Faarwen, Lacken, Päsch, …

Schonn zanter Joren steet Titandioxid am Verdacht gesondheetsschiedlech a kriibserreegend ze sinn. Besonnesch seng Nanopartikel kënne sech am Kierper verdeelen, d’Darmflora veränneren respektiv fir Entzündungen am Daarm suergen (Etüd vun der School of Medicine vun der Universitéit Sydney).

Verbuet vum Faarfstoff E171
D’Stella Kyriakides vun der EU-Kommissioun am Beräich Gesondheet a Liewensmëttelsécherheet zum Verbuet vum E171 / Twitter

Ma, d’EFSA kënnt zum Entschloss, datt de Liewensmëttelzousazstoff net méi kann als sécher ugesi ginn. Och de Risiko vun enger gentoxescher Wierkung kann net ausgeschloss ginn. Doduerch huet d’EU-Kommissioun e Verbuet vum E171 ausgeschwat. Dëst bezitt sech allerdéngs just op den Asaz vun der Substanz a Liewensmëttel – a Medikamenter, Kosmetik a Faarwen wäert e weiderhin ze fanne sinn.

D’Verbuet trëtt de 7. Februar 2022 offiziell a Kraaft. Et gëllt eng Iwwergangsphas vu 6 Méint. D’Lëtzebuerger Autoritéiten deele mat, datt si Produzenten aus dem Liewensmëttelberäich iwwert d’Modalitéiten opgekläert hunn.

Annexe:

Dernières nouvelles