Verbuet vu bestëmmten Tattoofaarwen: En haarde Schlag fir d’Branche

Ab 2023 wäert d’Faarfpalette am Beräich vun der Kierperkonscht staark schrumpfen. Well blo a gréng Pigmenter an den Tënte fir Tätowéierungen a permanente Make-Up Risike fir d’Gesondheet mat sech bréngen, wäerten dës verbuede ginn. Schonn ab dem 4. Januar 2022 trieden zuelräich Restriktiounen fir geféierleche chemesche Produite a Kraaft. Fir de Secteur ginn et bis ewell keng wierklech Alternativen.

Mat der EU-Chemikalieveruerdnung REACH (Registration, Evaluation, Authorisation an d’ Restriction of Chemicals) wëll d’Europäesch Chemikalienagentur (ECHA) seng Bierger viru geféierleche chemesche Produite schützen. Zwee Ausschëss wieren zum Entschloss komm, datt „Kriibsrisiken an aner negativ Auswierkungen op d’Gesondheet net ausgeschloss kënne ginn“.

Déi chemesch Substanze géifen net nëmmen ënnert der Haut bleiwen, mee kënnen och an d’Organer iwwergoen, ënnert anerem an d’Lymphkniet oder an d’Liewer. Dobäi kënne se e ganzt Liewen am Organismus verbleiwen a sech duerch eng Laserbehandlung souguer weider zersetzen, wouduerch d’Partikelen sech nach besser am Kierper verdeele kënnen.

Laangzäitrisike bestinn. Hautallergien, Genmutatiounen a Kriibs kënnen d’Konsequenz sinn. Dëst trëfft net nëmme bei Tätowéierungen, mee och beim permanente Make-Up zou. Esou wäert schonn Ufank nächst Joer d’Notzung vun iwwer 4.000 geféierlech chemesch Substanze limitéiert ginn.

Life Expo
© Shari Pleimelding / moien.lu

Vun Erausfuerderungen an Existenzängschten

Besonnesch d’Verbuet vun de Pigmenter „Blo 15:3“ a „Gréng 7“ trëfft de Beruffszweig vun den Tätowéierer a Pigmentéierer haart. Dës Pigmenter stiechen an zuelräichen anere Faarftéin, wouduerch gutt 65 % Faarftéin op ee Coup ewechfalen. D’Palette schrumpft op Schwaarz, Rout a Giel.

Fir der Branche genuch Zäit fir d’Transitioun ze ginn, wäert dëst Verbuet ab 2023 a Kraaft trieden. Ma, bis ewell ginn et bal keng Alternativen, wat de Secteur negativ beanträchtegt an de Kënschtler hir Existenz bedreet. An dësem Kader hat den Erich Mähnert, selwer Tätowéierer a Besëtzer vun engem Tattoo-Studio, d’Petitioun Nr. 1072/2020 lancéiert, wouran hien den Erhalt vun de béide Pigmenter fuerdert.

Hie gesäit de Problem doran, datt de Client duerch esou e Verbuet fir säi Motiv faarweg ënnert d’Haut ze kréien an d’Ausland geet an/oder un onseriéis Gestalte geréit. E Verbuet géif just dozou féieren, datt um illegale Wee d’Verbuet ëmgaange gëtt.

„Dës Veruerdnung kann net am Sënn vum Europäesche Gemeinschaftsgedanke sinn, well se weder hir selbststänneg Entrepreneuren, nach d’Konsumente schützt. D’Auswäiche vum Konsument op Drëttlänner fërdert d’Schwaarzaarbecht a reduzéiert Steieranname gläichermoossen. Weider ass Tätowéieren eng immens al Aart vu Kultur a Konscht. Mat dësem geplangte Verbuet vun den uewen ugefouerte Pigmenter géif domat och d’Ausübung vun dëser Konscht gefäerdet ginn, oder dreet souguer ze verschwannen“, sou den Erich Mähnert.

Och de Bundesinstitut fir Risikobewäertung (BfR) empfënnt d’Verbuet „wéinst mangelhafter Datelag“ als net räsonabel. An hirem Schreiwes vum 8. September 2020 ass den Institut zum Resultat komm, datt déi verfügbar Daten fir béid Pigmenter eng geréng Toxicitéit opweisen. Et sollt een berécksiichtegen, datt „béid Pigmenter zënter iwwer 10 Joer an den Tënten agesat ginn ouni datt Opfällegkeete bekannt sinn“.

Zousätzlech géif et keng Berichter doriwwer ginn, datt Allergien oder Irritatiounen op dës Pigmenter opgetruede sinn. Reaktioune gouf et bis ewell haaptsächlech op rout a schwaarz Faarf. D’BfR befiercht, datt duerch d’Verbuet manner gutt ënnersichte Stoffer als Ersatz agesat ginn, déi eventuell souguer nach méi gesondheetsschiedlech fir de Konsument sinn.

Dernières nouvelles