Search

You may also like

Nom Drock vu Bréissel stoppt Rumänien d‘Justizreform
Neiegkeeten

Nom Drock vu Bréissel stoppt Rumänien d‘Justizreform

Zanter Méint huet déi rumänesch Regierung de kalen Otem vun

Coronavirus-Hotspot Paräis
Neiegkeeten

Coronavirus-Hotspot Paräis

270 Infektiounsfäll pro honnertdausend Awunner ass den Autoritéiten eppes ze

50. Reunioun vum CAHAMA
Neiegkeeten

50. Reunioun vum CAHAMA

Um Dënschdeg huet eise Sportminister Dan Kersch (LSAP) un der

Vereedegung vu 45 fräiwëllegen Zaldoten um Härebierg

Um 11. September hu 45 fräiwëlleg Zaldoten am Bäisinn vum Verdeedegungsminister François Bausch hiert feierlecht Verspriechen ofginn. Déi 37. Sessioun vun de Rekrutéierten huet dobäi a reduzéiertem Kader um Dikrecher Härebierg stattfonnt.

Fir d’Zaldoten, dorënner 10 Persoune mat portugisescher Nationalitéit a 4 Fraen, markéiert dës Zeremonie den erfollegräichen Ofschloss vun der Grondausbildung vu 4 Méint, an där si op déi zukünfteg militäresch Aktivitéiten an der Arméi virbereet gi sinn.

An dësem Kader huet de Minister Bausch allen engagéierten Zaldote Merci gesot, déi am Kampf géint de Covid-19 hiren Engagement bewisen hunn.

Besonnesch geéiert goufen d’Membere vum Lëtzebuerger Kontingent, déi an de Joren 2019 an 2020 am Mali an Afghanistan am Asaz waren, sou wéi och auslännesch Zaldoten. Si kruten eng Medaile zur Unerkennung iwwerreecht. Bei dëser Geleeënheet gouf een auslänneschen Offizéier mam Ordre Grand-Ducal de la Couronne de Chêne ausgezeechent.

Billergalerie © Lëtzebuerger Arméi

Related topics Colonel Yves Kalmes, feierlecht Verspriechen, Fräiwëlleg Zaldoten, François Bausch, Generol Alain Duschène, Grondausbildung, Härebierg, Lëtzebuerger Arméi, Militär, Ordre grand-ducal de la Couronne de chêne, Verdeedegungsminister, Vereedegung
Next post Previous post