Search

You may also like

De Landesverband vereenegt sech mam OGBL
Neiegkeeten

De Landesverband vereenegt sech mam OGBL

De Verband vun den Eisebunner, Aarbechter aus dem Transport, Fonctionnaire

Legendär an onermiddlech: d‘Rolling Stones begeeschtere Marseille
Neiegkeeten

Legendär an onermiddlech: d‘Rolling Stones begeeschtere Marseille

70 järeg „Bope“… déi nach ëmmer legendär an onermiddlech Rolling

Nom Referendum: Neikaledonien bleift franséisch
Neiegkeeten

Nom Referendum: Neikaledonien bleift franséisch

De franséische Premierminister Édouard Philippe huet sech e Méindeg a

Gratulatioun: Vereedegung vu 60 neie Fonctionnairen

Um Freideg, den 11. Oktober 2019 huet d’Lydie Polfer, Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg 60 nei Fonctionnairen an der Stater Gemeng vereedegt. Sief et am Service vun de Busser, der Hygiène, der Schoulmedezin, der Kanalisatioun, dem Kultur-Secteur, oder anerer, a festlecher Stëmmung a schick gekleet ass den Eed ofgeluecht an d’Ënnerschrëft op Pabeier bruecht ginn.

Wéi d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer den Invitéeën erkläert huet, wier dës Vereedegung net just een administrative Geste. Den neie Statut bréngt eng Rei Rechter a Verflichtungen, deenen een am berufflechen Alldag nogoe soll. Egal a wéi enger Situatioun, et ass eng Kombinatioun aus Professionalitéit a Freed un der Aarbecht gefrot, och wann dëst natierlech net ëmmer sou einfach ass. Zum Gléck weess awer och déi sympathesch Buergermeeschtesch, datt ee Mënsch keng Maschinn ass.

„Mir sinn ee grousst Haus vun iwwer 4000 Leit“, sou d’Lydie Polfer. Am Ganze schaffen 4.116 Kollaborateuren – dovunner 1.543 Fraen an 2-573 Männer – bei der Stad Lëtzebuerg. All eenzel Persoun erfëllt hei eng wichteg a sécher Aarbecht, woubäi d’Gemeng an de Schäfferot de Fonctionnaire vill Satisfaktioun wënschen. Och d’Redaktioun vu Moien gratuléiert!

D’Galerie fannt Dir uewen © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Architektur, Fonctionnaire, Hygiène, Kultur, Lydie Polfer, Patrick Goldschmidt, Schoulmedezin, Serge Wilmes, Staatsbeamten, Stad Lëtzebuerg, Vereedegung
Next post Previous post