Search

You may also like

money
Chômage Zuele weider réckleefeg
Neiegkeeten

Chômage Zuele weider réckleefeg

Op den 30. Juni ass op e neits eng Baisse

Gemauschels tëscht Berlin a Paräis: Ass dat d’europäesch Zukunft?
Neiegkeeten

Gemauschels tëscht Berlin a Paräis: Ass dat d’europäesch Zukunft?

Esouguer iwwerzeegten Europäer wäerten eng Kéier musse schlécken. De Posteschacher

Verdacht op Kannerpornografie: 46 Perquisitiounen an enger Woch!
Neiegkeeten

Verdacht op Kannerpornografie: 46 Perquisitiounen an enger Woch!

Wéi bei der Pressekonferenz haut de Moie matgedeelt ginn ass,

Vereedegung vum Generol Steve Thull

Bei enger feierlecher Zeremonie um Dikrecher Härebierg ass gëschter de Generol Steve Thull als neie Stabchef vun der Lëtzebuerger Arméi vereedegt ginn. Hie léist domat de Generol Alain Duschène of, deen no 42 Joer am Déngscht fir de Militär an d’Pensioun gaangen ass.

An dësem Kader huet de Vize-Premier a Verdeedegungsminister François Bausch dem Generol Duschène fir säi konstanten Engagement am Kader vun der Reform an der Moderniséierung vun der Lëtzebuerger Arméi Merci gesot. Uschléissend huet hien de Generol Thull häerzlech begréisst.

Formatioun a Karriär

De Generol Steve Thull huet seng Offizéierausbildung tëscht 1987 an 1991 un der kinneklecher militärescher Schoul zu Bréissel absolvéiert. Vun 2006 bis 2007 koum nach e militäresche Formatiounszyklus zu Paräis dobäi.

Wärend senger Karriär war hien ënnert anerem Chef de Peloton Mortiers, Chef de Peloton Anti-Char a Chef de Peloton Éclaireurs, ier hie schliisslech zum Kommandant ernannt ginn ass.

Heimat ass et awer nach net gedoen. Dobäi komme verschidde Funktiounen vum Stabchef, sou wéi beispillsweis den Offizéier vum Personal a vun der Ëffentlechkeetsaarbecht vun der Arméi, de stellvertriedende Kommandant vum Militärzentrum, oder och den Offizéier vun den Informatiouns- a Kommunikatiounssystemer.

De Generol Thull huet un der IFOR-Missioun vun der NATO a Bosnien-Herzegowina an un der EUFOR-Missioun am Tschad, wéi och an der zentralafrikanescher Republik deelgeholl.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zur Vereedegung um Dikrecher Härebierg © EMA

Weider Artikelen zu dësem Thema:

Related topics Dikrecher Härebierg, Francois Bausch, Generol Alain Duschène, Generol s, Militär, Pensioun, Stabchef vun der Lëtzebuerger Arméi, Vereedegung
Next post Previous post