Search

You may also like

Fir déi ganz Famill: Den Dag vum Ardennerpäerd um 19. Mee!
Neiegkeeten

Fir déi ganz Famill: Den Dag vum Ardennerpäerd um 19. Mee!

Scho fir eng 30. Editioun gëtt den „Dag vum Ardennerpäerd“

DISCO FOOT – Elo gëtt Fussball gedanzt!
Neiegkeeten

DISCO FOOT – Elo gëtt Fussball gedanzt!

Disco Foot: Alles gëtt méi lëschteg wann een danzt. An

Sou vill zum Schutz vun den eelere Matbierger
Neiegkeeten

Sou vill zum Schutz vun den eelere Matbierger

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) ass veriergert iwwert d’Impfungen. Dobäi geet

Lëtzebuerger Arméi: Vereedegung vun 39 fräiwëllegen Zaldoten

Leschte Freideg huet um Härebierg zu Dikrech déi 39. Vereedegungszeremonie stattfonnt. Am Ganzen duerfte 37 fräiwëlleg Zaldoten, dovunner 5 net-Lëtzebuergesch Zaldoten, am klenge Kader hiert Verspriechen ofginn.

Dës offiziell Zeremonie bedeit fir déi Fräiwëlleg den erfollegräichen Ofschloss vun hirer Basisformatioun vu 4 Méint, déi si op déi zukünfteg militäresch Aktivitéite vun der Arméi virbereede soll.

A senger Ried huet de Verdeedegungsminister François Bausch sech op déi Pandemie-bedéngt speziell Ëmstänn vun der Basisformatioun fokusséiert. Zousätzlech huet hien allen Zaldoten fir hiren Engagement an den Asaz fir d’Lëtzebuerger Land Merci gesot.

An dësem Kader gouf eng Éieremedaile un all Member vum Lëtzebuerger Kontingent iwwerreecht, déi am Joer 2020 a Mali, Afghanistan oder Litauen stationéiert waren.

Billergalerie © EMA

Related topics Dikrech, Fräiwëlleg Zaldoten, François Bausch, Härebierg, Lëtzebuerger Arméi, Militär, Verdeedegungsminister, Vereedegung
Next post Previous post