Vereedegung am Palais: D‘Joëlle Welfring ass déi nei Ëmweltministesch

A Presenz vu S.A.R. dem Groussherzog Henri an dem Premier- a Staatsminister Xavier Bettel, huet haut d’Vereedegungszeremonie vum Joëlle Welfring am groussherzogleche Palais stattfonnt. Nom Ofschid vun der fréierer Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Carole Dieschbourg, krut hir motivéiert Nofollgerin d’Amt iwwerdroen.

Bei enger Pressekonferenz, déi den 22. Abrëll kuerzfristeg aberuff gouf, huet d‘Carole Dieschbourg plëtzlech hire Récktrëtt matgedeelt. D‘Gaardenhaischen-Affär hätt net nëmmen der Ministesch selwer, mee och hirer Ekipp a Famill immens zougesat. Si hat nach emol drop verwisen transparent mam Thema ëmgaangen ze sinn, den Drock wier trotzdeem vun Dag zu Dag geklommen.

Ma, d‘Joëlle Welfring konnt mat 174 Jo- a just enger Nee-Stëmm als Nofollgerin fir déi usprochsvoll Positioun gewielt ginn. Déi 47 Joer jonk Escherin huet déifste Respekt virum Amt, beweist gläichzäiteg eng immens Passioun fir d’Ëmwelt an hire Schutz. Esou huet si grouss Ziler am Beräich Klima an Energie, der Iwwerschaffung vun der Drénkwaasserdirektiv oder och dem Bëschgesetz.

Dernières nouvelles