Search

You may also like

Ab September zu Maarteleng: TKD Koryo – Asiatesche Kampfsport vum feinsten
Neiegkeeten

Ab September zu Maarteleng: TKD Koryo – Asiatesche Kampfsport vum feinsten

Vum 3. September un, huet déi Maartelenger Sportshal e weidere

Policegewalt géint PoC an den USA
Neiegkeeten

Policegewalt géint PoC an den USA

Dräi Méint no der Ermordung vum George Floyd zu Minneapolis

Beim Aktiounsplang vun der Lëtzebuerger Sprooch kéinten 20 Joer ze laang ugesat sinn
Neiegkeeten

Beim Aktiounsplang vun der Lëtzebuerger Sprooch kéinten 20 Joer ze laang ugesat sinn

Wat d’Lëscht vun den Avisen zum Gesetz zur Promotioun vun

Vereedegung am Justizministère

Am Kader vun enger Zeremonie um Justizministère huet d’Justizministesch Sam Tanson d’Christine Reckinger an de Serge Thill, alle béid President an der Kummer vum Beruffsgeriicht, als Conseiller Suppleant um Verfassungsgeriicht vereedegt.

Bei der Vereedegung dobäi waren de President vum ieweschte Justizhaff an dem Verfassungsgeriicht, de Jean-Claude Wiwinius, sou wéi de President vum Verwaltungsgeriicht a Vize-President vum Verfassungsgeriicht, de Francis Delaporte an d’Generalstaatsaffekotin, Martine Solovieff.

An der Billergalerie ze fannen: éischt Foto:(v.l.n.r.) Sam Tanson, Justizministesch; Christiane Reckinger, Conseiller Suppleant um Verfassungsgeriicht © Justizministère; zweet Foto: (v.l.n.r.) Sam Tanson, Justizministesch; Serge Thill, Conseiller Suppleant um Verfassungsgeriicht © Justizministère

Related topics Christine Reckinger, Justizministère, Sam Tanson, Serge Thill, Vereedegung
Next post Previous post