No der ministerieller Veruerdnung vum 14. Dezember 2021 huet de Raphaël Schmitz gëschter am Nomëtteg der Inneministesch Taina Bofferding säin Eed als Schäffe vun der Gemeng Jonglënster ofginn.
Geméiss dem Artikel 6 vum Gemengegesetz, dat den 13. Dezember 1988 geännert gouf, huet hie geschwueren: „Je jure fidélité au Grand-Duc, d’observer la Constitution et les lois du pays, et de remplir avec zèle, exactitude, intégrité et impartialité les fonctions qui me sont confiées.“