Um Freideg Nomëtteg huet de Romain Braquet offiziell säin Eed als Schäffe vun der Gemeng Klierf ofginn.
An dësem Kader huet hien der Inneministesch Taina Bofferding de folgende Schwur vum Artikel 6 vum Gemengegesetz, dat den 13. Dezember 1988 modifizéiert gouf ofginn: „Je jure fidélité au Grand-Duc, d’observer la Constitution et les lois du pays, et de remplir avec zèle, exactitude, intégrité et impertialité les fonctions qui me sont confiées.“