Search

You may also like

Diddenuewen: Virgeluechten Opnamezenter ab ee Méindeg „en Attente“
Neiegkeeten

Diddenuewen: Virgeluechten Opnamezenter ab ee Méindeg „en Attente“

Eis direkt Noperen, déi ganz zolidd – fir net ze

Frankräich vertraut op Atomkraaft
Neiegkeeten

Frankräich vertraut op Atomkraaft

Eis franséisch Nopere bezéie ronn 70% vun hirem Stroum aus

De Xavier Bettel zu Henan – Relatioun tëscht Europa an Asien stäerken
Neiegkeeten

De Xavier Bettel zu Henan – Relatioun tëscht Europa an Asien stäerken

Bei senger Visitt a China huet eise Premierminister Xavier Bettel

Vereedegunge fir d’Gemenge Stroossen a Viichten

Vereedegunge fir d’Gemenge Stroossen a Viichten

Um Freideg Nomëtteg huet d’Inneministesch Taina Bofferding de Buergermeeschter an zwee Schäffe vun der Gemeng Stroossen, sou wéi de Buergermeeschter an e Schäffe vun der Gemeng Viichten vereedegt.

No der groussherzoglecher Veruerdnung vum 29. Januar 2021 duerften den Nico Pundel, sou wéi de Luc Recken hiren Eed als Buergermeeschter vun der Gemeng Stroossen, respektiv der Gemeng Viichten ofginn. De ministerielle Beschloss vum 5. Februar huet et dem Betty Welter-Gaul (Gemeng Stroossen), dem Jean-Claude Roob (Gemeng Stroossen) an dem Jean Colombera (Gemeng Viichten) erméiglecht als Schäffe vereedegt ze ginn.

Vereedegung(v.l.n.r.) Jean Colombera, Schäffen vun der Gemeng Viichten; Taina Bofferding, Inneministesch; Luc Recken, Buergermeeschter vun der Gemeng Viichten © MINT

Nom Artikel 6 vum Gemengegesetz, dat um 13. Dezember 1988 modifizéiert gouf, hu si der Inneministesch Taina Bofferding folgend Versprieche misse ginn:

„Je jure fidélité au Grand-Duc, d’observer la Constitution et les lois du pays, et de remplir avec zèle, exactitude, intégrité et impartialité les fonctions qui me sont confiées.“

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Betty Welter-Gaul, Schäffin vun der Gemeng Stroossen; Nico Pundel, Buergermeeschter vun der Gemeng Stroossen; Taina Bofferding, Inneministesch; Jean-Claude Roob, Schäffen vun der Gemeng Stroossen © MINT

Related topics Betty Welter-Gaul, gemeng Stroossen, Gemeng Viichten, Jean Colombera, Jean-Claude Roob, Luc Recken, Nico Pundel, Taina Bofferding, Vereedegung
Next post Previous post