Search

You may also like

Concours Péckvillchen’21 – Elo sidd Dir gefrot!
Neiegkeeten

Concours Péckvillchen’21 – Elo sidd Dir gefrot!

De Comité Altad a.s.b.l. organiséiert fir d’Émaischen 2021, e Concours

Ciné-Club: „Roadmap to Apartheid“
Neiegkeeten

Ciné-Club: „Roadmap to Apartheid“

E Méindeg, den 10. Dezember gëtt um 18:30 Auer den

Covid19-Chaos an Indien
Neiegkeeten

Covid19-Chaos an Indien

Mat am Schnëtt 350.000 Neiinfektiounen den Dag, ouni Disponibilitéite fir

Verfassungsgeriicht: Vereedegung vum Christiane Reckinger a Karin Guillaume

E Mëttwoch, den 23. September 2020, huet d’Justizministesch Sam Tanson bei enger klenger Zeremonie an der Cité Judiciaire e Member an eng stellvertriedend Beroderin beim Verfassungsgeriicht vereedegt:

D’Christiane Reckinger, Chamberpresidentin beim Beruffsgeriicht, gouf als Member vum Verfassungsgeriicht ab dem 1. Oktober 2020 vereedegt;

D’Karin Guillaume, Chamberpresidentin beim Beruffsgeriicht, gouf als stellvertriedend Beroderin vum Verfassungsgeriicht ab dem 1. Oktober 2020 vereedegt.

Bei der Vereedegung waren de President vum Ieweschte Geriichtshaff an dem Verfassungsgeriicht, de Jean-Claude Wiwinius, de President vum Verwaltungsgeriicht a Vize-Presisent vum Verfassungsgeriicht, Francis Delaporte an de Procureur Général d’État, d’Martine Solovieff, dobäi.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Jean-Claude Wiwinius, President vum Ieweschte Geriichtshaff an dem Verfassungsgeriicht; Christiane Reckinger, Member beim Verfassungsgeriicht; Sam Tanson, Justizministesch; Karin Guillaume, stellvertriedend Beroderin beim Verfassungsgeriicht; Martine Solovieff, Procureur Général dÉtat; Claudine Konsbruck, Justizministère; Lily Wampach, Geriichtsschreiwesch vum Verfassungsgeriicht; Nathalie Solagna, Justizministère © Justizministère

Related topics Christiane Reckinger, Cité Judiciaire, Francis Delaporte, Jean-Claude Wiwinius, Justizministère, Karin Guillaume, Martine Solovieff, Sam Tanson, Vereedegung, Verfassungsgeriicht
Next post Previous post