Search

You may also like

Twitter wëll d‘Annonceure vu politesche Reklammen identifizéieren
Neiegkeeten

Twitter wëll d‘Annonceure vu politesche Reklammen identifizéieren

Um Donneschdeg huet sech Twitter nei Richtlinne ginn, an huet

Si wollten eng humanitär Waffepaus fir Berg-Karabach
Neiegkeeten

Si wollten eng humanitär Waffepaus fir Berg-Karabach

Dës Nuecht hätt et – esou haten et gëschter d‘Ausseministère

SIPRI-Rapport: Waffenhandel nach ëmmer e profitabelt Geschäftsmodell
Neiegkeeten

SIPRI-Rapport: Waffenhandel nach ëmmer e profitabelt Geschäftsmodell

D‘Friddensfuerschungsinstitut SIPRI, huet haut säi Bericht iwwert d‘Waffenexporter fir den

Verfassungsreform: Kommen ADR an CSV sech nees méi no?

Verfassungsreform: Kommen ADR an CSV sech nees méi no?

Wann d‘Covid19-Pandemie nach ëmmer d‘Aktualitéit beherrscht, esou ass net, wéi wann do och nach aner brisant Aktualitéitssujete géif, déi een net dierf a Vergiessenheet gerode loossen. Dozou gehéiert och d‘Verfassungsreform, wou et jo elo net méi soll zu engem Referendum kommen.

An dësem Kontext huet den ADR-Deputéierte Roy Reding gëschter eng Visiokonferenz mat de Vertrieder vun de Medien ofgehalen, an dat éischt wat engem opgefall ass, bezitt sech op de Constat, datt d‘ADR sech nees – wann och mat klenge Schrëtt – nees eppes op d‘CSV zoubeweegt. Esou war de Roy Reding voller Luef vir dee vun der CSV abruechten Text zur neier Verfassung.

Dësen Text vum CSV-Deputéierte Léon Gloden bezitt sech op de Beräich vun der Justiz. Woubäi d‘ADR hei eppes aner Virstellungen huet, oder besser ausgedréckt, e ganzt Stéck méi wäit goe wëll firwat si proposéieren, datt een de Parquet vun der Magistratur trennt, an aus dem ëffentleche Ministère eng Selbststänneg Administratioun sollt maachen. An d‘Argumenter sinn net schlecht.

Esou stellt de Roy Reding fest, datt eng Oftrennung tëscht der Funktioun vum Riichter an dem Procureur et dem Justiziabele géif erméiglechen, dat dee wou d‘Klo féiert, am selwechte Mooss oder mat der gläicher Distanz behandelt gëtt, wéi hien an/oder säin Affekot. Hie mengt, datt en Ugekloten sech Froe stellen dierf, wann de Kläger seng Plaz um Dësch vun de Riichter anhëlt.

D‘Chamber muss d‘Kontroll behalen

Och zum nationale Rot vun der Justiz, huet de Roy Reding en Avis: „Et kann sech net ugoen, datt een d‘Disziplin vun de Magistraten engem Organ iwwerléisst an deem Procureure siegéieren, an ëmgedréint“. Weider Problemer stellt d‘Saisie vum Verfassungsgeriicht duer. Den Ament ass et esou, datt dat nëmme bei engem virleefegen uerteel an engem determinéierte Prozess méiglech ass.

Hei fuerdert d‘ADR ganz kloer, datt et och muss aner Méiglechkeete ginn. Doriwwer eraus muss all Member vun der Chamber d‘Recht hunn, préiwen ze loossen, eng legal Dispositioun mat dëser Verfassung vereenbar ass, egal ob virum Vott oder no Akraafttriede vun engem Gesetz. Och d‘Regierung soll d‘Verfassungsgeriicht uruffen, wa si Zweiwel bei enger legaler Dispositioun huet.

De Roy Reding schléisst och net aus, dat Membere vum Staatsrot dës Méiglechkeet sollten hunn, grad wéi all Bierger, dee vun enger legaler Dispositioun direkt betraff ass, an der Usiicht ass, datt dëst Gesetz oder Reglement säi vun der Verfassung geschützte Recht beschränkt oder verletzt. Dat awer och eréischt, wann dësen all seng juristesch Recoursen ausgeschëpft huet…

Illustratioun: José Aragones / unsplash

Related topics adr, CSV, Léon Gloden, Roy Reding, Verfassungsreform
Next post Previous post