Search

You may also like

Welt-AIDS-Dag: 38 Millioune Mënschen sinn infizéiert
International Neiegkeeten Stories

Welt-AIDS-Dag: 38 Millioune Mënschen sinn infizéiert

Zënter 1988 gëtt all Joer um 1. Dezember mam Welt-AIDS-Dag

Esch an Zentrum vun der Kultur
International Neiegkeeten Stories

Esch an Zentrum vun der Kultur

An der virleschter Sëtzung vum Gemengerot vun der Stad Esch

Spidol Ettelbréck a Wolz un der Limitt ukomm
International Neiegkeeten Stories

Spidol Ettelbréck a Wolz un der Limitt ukomm

Den CHdN ass u seng Grenzen ukomm an ergräift elo

Verfolgungsjuegd tëscht T-Rex a Police!

Verfolgungsjuegd tëscht T-Rex a Police!

Enn leschter Woch huet déi englesch Police vu Plymouth ee flénke kuerzaarmegen Dinosaurier fänke missen. Am Ganzen huet et dräi Beamte gebraucht, déi dëser lëschteger Verfolgungsjuegd am Asaz waren. Och si konnten sech hiert Laachen net verknäifen.

Um vergaangene Weekend huet d’Charles Cross Police Team een éischter ongewéinleche Video vun 30 Sekonnen op Twitter eropgelueden. Ze gesinn ass, wéi eng Persoun, verkleet mam beléiften opblosbaren T-Rex-Kostüm duerch d’Stroossen leeft. Dobäi gëtt dësen Dinomënsch, deen duerch déi flénk Féiss uerdentlech mam Kapp gewackelt huet, vun den englesche Poliziste verfollegt.

Am Auto gecksen d’Verfolleger mat Sätz wéi: „En ass zimlech schnell, oder?“, wéi och „Et freet ee sech, wéi si ausstierwe konnten“. Ganz ausser Otem bleift den Dino schliisslech stoen a léisst de risege Kapp hänken. „Aw, elo ass e midd“, kommentéiert ee vun de Beamten.

Bis ewell ass net gewosst, ob den T-Rex och huet misse mat op d’Revéier fueren. Bewisen ass allerdéngs, datt dëst flénkt Déierchen nach ëmmer a Groussbritannien ze fannen ass. D’Police ass op alle Fall gutt amuséiert ginn an och den Internet erfreet sech um Video. Mat de Sätz „Just eng weider Spéitschicht zu Plymouth – mir kënne bestätegen datt den Doyouthinkhesawus NET ausgestuerwen ass a richteg schnell lafe kann!“

Et gëtt wuel näischt wat et net gëtt!

Related topics Dinosaurier, Plymouth, Police, T-Rex, Witzeg
Next post Previous post