Search

You may also like

Nei a vereinfacht Funktiounen an der CovidCheck-App
Neiegkeeten

Nei a vereinfacht Funktiounen an der CovidCheck-App

Déi mobil Applikatioun CovidCheck huet nei Funktiounen Opweises. Esou kann

Kriss du 8 Richteger an eisem Weltfraendag Quiz?
Neiegkeeten

Kriss du 8 Richteger an eisem Weltfraendag Quiz?

[onionbuzz quiz-id=141][/onionbuzz] Haut ass Weltfraendag. Grond genuch also, fir eng

Et herrscht politesch Onsécherheet no de Walen an Italien
Neiegkeeten

Et herrscht politesch Onsécherheet no de Walen an Italien

Déi riets Koalitioun huet an Italien no de Walen d‘Nues

D‘Police kéint är Hëllef gebrauchen

D‘Police kéint är Hëllef gebrauchen

Um Ouschtersonndeg ass et zu Veianen géint 11 Auer zu enger Verfolgungsjuegd tëscht der Police an engem schwaarzen Audi A8 mat Lëtzebuerger Placke komm.

Dëst Gefier war net uerdnungsgemäss ugemellt an de Chauffer wollt sech och net mat de Polizisten ënnerhalen. Bei senger „Flucht“ virun dëser Kontroll huet de Chauffer vum A8, mat riskante Manöver Foussgänger (ënnert hinne Kanner) a Cyclisten a Gefor bruecht. Fir déi Onbedeelegt elo kenger onnëtzer Gefor auszesetzen, huet d‘Patrull d‘Poursuite ofgebrach.

Well et de Beamten am Uschloss net méiglech war dësen onmanéierlechen Automobilist ausfënneg ze maachen, riicht si en Appell u méiglech Zeien oder Persounen déi eppes zum Openthaltsuert vun dësem Chauffer bäidroe kéinten. Zweckdénglech Hiweiser hëlt d‘Kommissariat vun Dikrech: Tel 244 801 000 – Email police.diekirchvianden@police.etat.lu entgéint.

Related topics Audi A8, Fahrerflucht, Police, Veianen, Verfolgungsjuegd, Zeienopruff
Next post Previous post