Search

You may also like

Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem
Neiegkeeten

Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem

Wien et nach net gemaach huet, dee sollt sech onbedéngt

Liberty Steel Diddeleng, wéi laang nach?
Neiegkeeten

Liberty Steel Diddeleng, wéi laang nach?

Dank der ekonomescher Wäitsiicht vun der EU-Kommissioun, enger Regierung där

Amokfaart an Tréierer Zentrum fuerdert 2 Doudeger
Neiegkeeten

Amokfaart an Tréierer Zentrum fuerdert 2 Doudeger

Um fréien Nomëtteg ass en 51 Järegen mat sengem Auto

Well 10 Joer Verjärungsfrist bei Sexualverbriechen net duerginn

Well 10 Joer Verjärungsfrist bei Sexualverbriechen net duerginn

De Planning Familial begréisst déi neisten Debatten iwwert Sexualdelikter, déi an der Chamber stattfannen. An dësem Kader huet d’Deputéiert Nancy Kemp-Arendt e puer Virlage virgeluecht. De Moment läit d’Verjärungsfrist bei Sexualverbriechen hei zu Lëtzebuerg nämlech bei 10 Joer.

Domat hunn Affer leider nëmme kuerz Zäit d’Méiglechkeet ze handelen. Dësen Zäitraum geet net duer, well si dacks a Verleumdung a Schimmt liewen, sech oft Ufanks net trauen sech engem unzevertrauen an esou hir Erliefnesser begruewen. Ma, leider kënnt sou een Trauma no Joerzéngten nees un d’Dagesliicht – an dann ass et ze spéit.

Fir Mannerjäreger fänkt dës Frist mat 18 Joer un, dat heescht si kënnen de Virfall mellen, bis datt se 28 Joer al sinn. An dësem Kader verlaangt de Planning Familial ënnerschiddlech Ännerunge bei Sexualdelikter, wéi zum Beispill der Vergewaltegung. Esou eng Revisioun ass net nëmme konform an Europa an an Amerika. Et gi Rechtsvirschrëften, déi d’Rechter vun den Affer vill méi staark schützen.

Eng Entwécklung an de Gesetzer géing dozou féieren, d’Schweigen ze briechen an den Affer, déi mam Trauma liewe mussen, beschtméiglech ze hëllefen. Den Europarot beseet, datt all fënneft Kand mëssbraucht gëtt. Erschreckend!

Des weidere seet de Planning Familial, datt et net ze toleréieren ass, d’Aggresseuren esou dovu kommen ze loossen. Et feelt un engem uerdentlechem Schutz fir d’Affer, déi haaptsächlech aus Fraen a Kanner bestinn. An och dat ass onmënschlech.

Elo muss Lëtzebuerg säi Rapport vun der Iwwerwaachung vun der Istanbul-Konventioun virleeën. Dës ass fir de Februar 2022 geplangt. Et gëtt ënnert anerem d’Ofschafung vu Friste gefuerdert – an Däitschland, wéi och an der Schwäiz läit déi maximal Zäit bei 30 Joer. Italien a Spuenien leie bei 20 Joer. Mannerjäreg Affer a Frankräich hunn 20 Joer Zäit hier Sexualdelikter bei den Autoritéiten ze mellen. An och Holland ass mat hirem System progressiv. Do freet een sech: Firwat net hei?

Am Vereente Kinnekräich gëtt et tatsächlech keng Verjärungsfrist, et kann op onbestëmmten Zäit en Strofverfolgung ageleet ginn, mee de Riichter entscheet. Och an den USA hänkt et vun den ënnerschiddleche Staaten a vum Verbrieche selwer of. A genee dofir ass et wichteg, datt Affer iwwert hier traumatesch Erfarunge schwätze kënnen.

Gutt ass allerdéngs, datt de Fortschrëtt vun der Wëssenschaft et méiglech mécht, datt och dann nach Beweiser verwent kënne ginn.

Leider dauert et Joerzéngten, ier een sech un dës Strofdoten, déi een als Kand erlieft huet, erënnert – a wéinst dëse groussen Zuelen ass et e Masseverbriechen, anescht kann een et net änneren. Wat méi Zäit vergeet, wat méi Argumenter virleie kënnen, déi weisen, datt eppes passéiert ass. Et gëllt séier ze reagéieren. Hoffe mir alt, datt d’Gesetzer sech zu Gonschte vun den Affer ännert.

Opmaacherbild: © Claudia Soraya / unsplash

Related topics Affer, Chamber, kuerzen Zäitraum, Mëssbrauch, Planning Familial, Sexualdelikter, Upassungen, Vergewaltegung, Verjärungsfrist
Next post Previous post