Search

You may also like

Wéi gutt kenns du dech mat Diddeleng aus?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dech mat Diddeleng aus?

[onionbuzz quiz-id=71][/onionbuzz]   Diddeleng ass eng vun eise gréisste Stied.

Israel: De Likud huet säin Här a Meeschter
Neiegkeeten

Israel: De Likud huet säin Här a Meeschter

Datt deem wéinst Korruptioun ugeklote Premierminister säi „Stär“ nach ëmmer

„Lëtzebuerg-Dubai“ mat der Luxair: Inauguratiounsfluch ausgebucht!
Neiegkeeten

„Lëtzebuerg-Dubai“ mat der Luxair: Inauguratiounsfluch ausgebucht!

Wärend alles wat „Rang an Numm“ huet d‘Leit oprifft keng

Geféierlech Stroossen

Geféierlech Stroossen

Tëscht Nidderfeelen an Heischent ass et op der N15 um Mëttwoch Nomëtteg géint 17.15 Auer zu engem tragesche Verkéiersaccident komm. Heibäi goufe 4 Persounen deels schwéier blesséiert…

Laut dem Berit vun der Police, war en Auto mat véier Passagéier u Bord op der N15 a Richtung Nidderfeelen ënnerwee. Zur gläicher Zäit waren an entgéintgesater Richtung: ee mobille Baukran, zwee Autoen an een Trakter ënnerwee. D‘Automobilistin hätt d‘Kontroll iwwert hiert Gefier just an dem Moment verluer, wéi op der entgéintkommender Spuer en Iwwerhuelmanöver stattfonnt huet.

Duerch oder wéinst dëser Verknäppung vu „Manöver“ ass déi aus Heischent kommend Damm mam Trakter kollidéiert. Heibäi goufen och déi am Auto befëndlech Passagéier blesséiert. D‘Männer vum CGDIS-Sauvetage ware mat Noutdokter séier op der Plaz, an nodeems déi verwonnte Persounen op der Plaz stabiliséiert waren, sinn dës an d‘Spidol iwwerstallt ginn.

Obwuel d‘Dokteren sech laang beméit hunn, dat jonkt Affer vu grad emol 15 Joer ze retten, ass dëst an der Nuecht op en Donneschdeg senge schwéiere Blessuren erleeën. D‘Police riicht dann och en Appell un de Chauffer vum Baukran an d‘Automobilisten déi sech zur Onfallzäit hannert dësem befonnt hunn, wéi och all aner Persoun, déi eppes zum Virfall bäidroe kann, sech ze mellen.

Fir d‘Opnam vun den Aussoen, ass d‘Kommissariat „Turelbaach“ zoustänneg. Dëst ass iwwert den Telefon 244 851 000 direkt erreechbar. Et kann een déi zoustänneg Beamten och via e-Mail un den police.turelbach@police.etat.lu erreechen.

Illustratioun: Thomas Wolter / Pixabay

Related topics CGDIS, Dout, Geféierlech Stroossen, N15, Noutdokter, Police, Spidol, Verkéiersaccident
Next post Previous post