Search

You may also like

USA dreet auslännesche Studente mat Ausweisung
Neiegkeeten

USA dreet auslännesche Studente mat Ausweisung

All auslännesche Student, deen op enger US-Universitéit ageschriwwen ass, déi

Impfen ëm all Präis
Neiegkeeten

Impfen ëm all Präis

Indien an Taiwan bréngen eege Covid19-Impfstoffer op de Maart, obwuel

Opgepasst: Saisonsbedingte Wëldwiessel!
Neiegkeeten

Opgepasst: Saisonsbedingte Wëldwiessel!

De Fall gesat et wier iech entgaangen: wëll Déieren halen

Verkéierssécherheetscampagne „Moto 2021“

Verkéierssécherheetscampagne „Moto 2021“

Zanter dem Optakt vun der „Biker-Saison“ am Fréijoer, gi bei eis am Land, dat am Kontext vun der nationaler Campagne zur Verkéierssécherheet, d‘Motocycliste vun der Police „begleet“, an déi huet elo ee klengen Tëschebilan virgeluecht.

An dësem Kontext weist d‘Police nach emol drop hin, datt een als Motocyclist nëmme minimal geschützt ass, firwat en Accident (och ee vermeintlech liichten) séier ganz béis Folge kann hunn. D‘Missioun vun der Police ass et, ëmmer am Kontext vun der Verkéierssécherheet, d‘Zuel vun den Accidenter op eise Stroossen méiglechst kleng ze halen, firwat d‘Kontroll duerchaus sënnvoll ass.

Ugelaf ass d‘Verkéierssécherheetscampagne „Moto 2021“ den 3. Abrëll. Am Kontext vun den am ganze Land duerchgefouerte Kontrollen, stoungen nieft der Vitesse, och den techneschen Zoustand vum Gefier am Mëttelpunkt. Et muss e jo wuel net méi preziséieren, datt bei der Kontroll och ëmmer gepréift gëtt ob d‘Pabeieren an der Rei sinn. U Verstéiss feelt et dann awer trotzdeem net.

Bis Mëtt Juli ronn 590 Verstéiss

Wien da mengt datt eis Polizisten d‘Leit géife sichen, deen täuscht sech. Ganz allgemeng lafen der Police och d‘Motocyclisten an d‘Gräpp. Dat besonnesch bei Geschwindegkeetsiwwerschreidung (Fix a Mobil Radaren) wou dann am genannten Zäitraum: 139 mol 49 Euro ugefall an 51 mol 145 Euro ugefall sinn. 16 mol huet misse Protokoll erstallt an a véier Fäll gouf de Führerschäin entzunn.

An engen honnert Fäll huet et eng Geldbouss ginn, dat wëll d‘Gefier net an engem awandfräien techneschen Zoustand war. 64 mol huet et mat de Paperassen net geklappt. Nach emol eng 80 Biker waren op der falscher Spur ënnerwee oder haten dat motoriséiert Zweerad op der „falscher Plaz“ ofgestallt. 60 mol huet et eng Geldbouss wéinst geféierlechem Beholl op der Pist ginn.

Zu der weidere Verstéiss gehéieren d‘Feele vun der Sécherheetsvest an Helmer déi net konform sinn an esou eng Gefor duerstellen. Véier Motocycliste krute wéinst „fueren ënner Alkoholafloss“ hir Lizenz ofgeholl. Dat alles kléngt éischter iwwersiichtlech, woubäi nach emol un d‘Aleedung dierf erënnert ginn: de Schutz vum Motard ass éischter „schlecht“ an et brauch wéineg fir vill ze Leiden.

Et ass een dann och gutt beroden, sech ëmmer emol nees déi wierklech sënnvoll a gutt Rotschléi vun der Police zu Gemitt ze féieren. Et kann ee jo net alles verhalen, an awer seet d‘Gesetz, datt Onwëssenheet net viru Bestrofung schützt. Dofir klickt roueg op dës Lienen, si enthalen nëtzlech Informatiounen:

Illustratioun: © Harley Davidson / unsplash

Related topics Ausrëschtung, Kontroll, Moto 2021, Pabeieren, Police, Verkéierssécherheetscampagne, Vitesse
Next post Previous post