Search

You may also like

USA: Masseschéisserei statt Summerparty
International Neiegkeeten Stories

USA: Masseschéisserei statt Summerparty

Et ass Summer an et huet alles ugefaange wéi een

Landesgeriicht Berlin verbitt d’Hetz vun AFD-Politiker géint Sea-eye
International Neiegkeeten Stories

Landesgeriicht Berlin verbitt d’Hetz vun AFD-Politiker géint Sea-eye

D’Landesgeriicht Berlin huet eng eenstweileg Verfügung géint den Georg Pazderski,

Mat der Reprise vun den Aktivitéite kommen och Froen op
International Neiegkeeten Stories

Mat der Reprise vun den Aktivitéite kommen och Froen op

Dat déi progressiv Relance vun de Wirtschaftsaktivitéiten eng ganz Rëtsch

Ab an d’Fräiheet: Wann een Gangster verkleet aus dem Bing flüchte wëll

Ab an d’Fräiheet: Wann een Gangster verkleet aus dem Bing flüchte wëll

Dësem a Brasilien Gefaangene seng Iddi war esou simpel, wéi genial: Als Meedche verkleet wollt hien dem Prisong entkomme. Säi Plang sollt allerdéngs net bis zum Schluss opgoen. Elo huet een hien dout a senger Zell fonnt.

De Gangster-Boss Clauvino da Silva aus Brasilien ass duerch säi spektakuläre Fluchtversuch ervirgestach. Verkleet als seng eegen Duechter vun 19 Joer, wat hien um selwechten Dag nach besicht huet, wollt hien de Gittere vu Bangu entkommen. Besonnesch opgefall sinn de Beamten déi schimmereg Hoer, de schife Brëll an de komesch opstoende Mond. D’Haut vun der Mask soll u labbrege Kéiskuch erënnert an d’Kierperhaltung suspekt gewiescht sinn.

Bei der Visitt haten den 42 Joer alen Drogenhändler a seng Dueschter d’Kleedung getosch, sou datt de Mann mat Jean an am rosa Mickey-Maus T-Shirt just nach d’Latexmask an d’Paréck undoe misst. Um Plang stoung, datt hien amplaz vum Meedchen einfach zur Dier eraus spadséiere géif. D’Beamten hunn de Brot geroch, oder an dësem Fall d’Popp erkannt.

Stéck fir Stéck huet den da Silva, deen och Baixinho (de Klenge) genannt gëtt, sech aus senger Verkleedung schiele missen. Dobäi ass hie gefilmt ginn. Wéinst Drogenhandel sëtzt de Mann 73 Joer Fräiheetsstrof of. Schonn 2013 soll hie mat weideren 31 Gefaangenen zesummen iwwert den Ofwaasserkanal ausgebrach sinn, spéider awer nees opgesammelt an Richtung Prisong bruecht gi sinn.

Zum Verhéier a Suizid

Nieft dem Clauvino da Silva sengem Meedchen si weider 7 Persoune vun der Police verhéiert ginn. Och eng schwanger Fra soll dobäi gewiescht sinn, déi ënner Verdacht steet, de Brëll an d’Mask mat era bruecht ze hunn. Schwangerer ginn nämlech fir eng Visitt an dësem Gefängnis net kontrolléiert.

Wéi d’Noriichtenagentur AP elo mellt, ass den da Silva just e puer Deeg nom Fluchtversuch dout a senger Zell fonnt gi sinn. D’Doudesursaach ass bis ewell net bekannt. Generell huet Brasilien duerch Iwwerfëllung immens Problemer an de Prisongen, wouduerch et zu Gewalt kënnt. Eleng lescht Woch solle 57 Gefaangener bei Gewaltausbrëch gestuerwe sinn. Ee besonnesch héije Risiko geet vun de Gangs aus, déi sech och hannert de Gefängsnismaueren bekrichen.

Related topics Baixinho, Brasilien, Clauvino da Silva, Drogenhandel, Dueschter, Flucht, Latexmask, Prisong, verkleet
Next post Previous post