Search

You may also like

Vandalismus zu Miedernach – D‘Police sicht no Zeien
Kultur Neiegkeeten

Vandalismus zu Miedernach – D‘Police sicht no Zeien

An der Nuecht vum 22. op den 23. Januar hunn

money
Lëtzebuerger Zentralbank leet Joresbericht vir
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerger Zentralbank leet Joresbericht vir

Wann dëst Resultat géintiwwer 2018 ëm 9% erofgaangen ass, esou

Frankräich: De Superman iwwerflitt eng Atomzentral a fält drop
Kultur Neiegkeeten

Frankräich: De Superman iwwerflitt eng Atomzentral a fält drop

Greenpeace wéist reegelméisseg drop hin, datt Atomzentrale schonn aus Prinzip

#VakanzDoheem: D’50€-Bonge bleiwe bis den 18. Abrëll 2021 valabel

#VakanzDoheem: D’50€-Bonge bleiwe bis den 18. Abrëll 2021 valabel

Den Tourismusminister Lex Delles huet iwwert d’sozial Medien matgedeelt, dass d’Aktioun vum Iwwernuechtungsbong am Wäert vu 50 € nach bis den 18. Abrëll 2021 verlängert gëtt.

Aus sanitäre Grënn hätte vill Leit nach net vun hirem Bong profitéiere kënnen, wouduerch mir nach e puer Méint Zäit kréien, eng Auszäit an der Heemecht ze huelen a gläichzäiteg lokal Strukturen ze ënnerstëtzen.

50 € BongLex Delles / Facebook

An dësem Kader sief nach emol drun erënnert, dass et bei der Aktioun dorëm geet den Tourismussecteur an dëse schwieregen Zäiten ze ënnerstëtzen. Eng Iwwernuechtung gëtt nämlech gäre mat engem gudden Iessen (aktuell jo just fir matzehuelen) oder och der Visitt vun touristeschen Attraktiounen verbonnen, wouduerch direkt méi Acteure profitéiere kënnen.

Wien oppen a virwëtzeg genuch ass, wäert schnell mierken, dass Lëtzebuerg immens vill ze bidden huet an och als Vakanzendestinatioun a Fro komme kann.

Related topics #VakanzDoheem, 50 € Bong, Covid-19, Erliefnis, HORESCA, Iwwernuechtungsbong, Lex Delles, Tourismus, Verlängerung
Next post Previous post