Search

You may also like

money
De Gewënn bleift, mee d‘Leit verbrénge manner Zäit op Facebook
Kultur Neiegkeeten

De Gewënn bleift, mee d‘Leit verbrénge manner Zäit op Facebook

Facebook ass finanziell betruecht nach ëmmer a Form, mee seng

Vel‘oH: Wann den Akku net wëll, drécks de der en Eck ewech!
Kultur Neiegkeeten

Vel‘oH: Wann den Akku net wëll, drécks de der en Eck ewech!

Wann anzwousch bis de Wuerm dran ass, da gëss de

#liesenassgesond – Eng Campagne fir Äre Lies-Honger ze stëllen
Kultur Neiegkeeten

#liesenassgesond – Eng Campagne fir Äre Lies-Honger ze stëllen

Eng nei Campagne vum Educatiounsministère soll d’Ëffentlechkeet dozou encouragéieren de

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Die Tanzenden

Een neie Roman vum Tomas Bjørnstad

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Die Tanzenden

Die Tanzenden ass no dem literareschen Debüt Fjorde vum norwegesch-lëtzebuergeschen Auteur Tomas Bjørnstad dat zweet Wierk, dat elo bei Éditions Guy Binsfeld erauskomm ass.

An dësem Roman erzielt den Auteur vu Mënschen, déi tëscht Upassung an Ofleenung op der Sich no neie Liewensentwërf sinn, Mënschen, déi sech net wierklech festleeë wëllen, awer och net lassloosse kënnen. Die Tanzenden ass een Text iwwer Selbstfannung a Selbsthass. Iwwer Loscht a Flucht viru Konventiounen, mee och iwwer Verstéierung, Krankheet a Sucht. D’Sich nom Sënn an de Wahn sinn heiansdo net méi ze ënnerscheeden.

[…] und manchmal habe ich den Eindruck, so wie jetzt, dass die frühen Jahre irgendetwas in mir entfachen, das ich nicht genau beschreiben kann, aber ich weiß, es ist da, ich nehm es mit, jetzt, auf die Tanzfläche, ins Lokal, wo sich mehrere Tanzflächen übereinanderlegen, die Zeit in Bewegung aufgehoben ist und wo wir feiern, uns, unsere Körper, unsere Träume, sogar unsere kranken und unzugänglichen Vorstellungen vom Leben feiern wir.

Weider Detailer zum Buch

Um 4. Juni 2019 kënnt Die Tanzenden vum Tomas Bjørnstad eraus. De Roman mat 272 Säite kascht 22 € an ass gebonnen mat engem Liesebändchen. ISBN: 978-99959-42-37-3

Related topics Buch, Die Tanzenden, Editions Guy Binsfeld, Tomas Bjornstad
Next post Previous post