Search

You may also like

WikiLeaksgrënner Assange bleift an Haft
Neiegkeeten

WikiLeaksgrënner Assange bleift an Haft

Nodeems ee Méindeg d’Distriktriichterin Vanessa Baraitser an hirem Urteel d‘Ausliwwerung

Bennett/Lapid-Regierung beendegt Netanyahu-Ära
Neiegkeeten

Bennett/Lapid-Regierung beendegt Netanyahu-Ära

Et war denkbar knapp, mee et ass sech opgaangen. 60

Comaneci – déi aner Säit vun der Medail
Neiegkeeten

Comaneci – déi aner Säit vun der Medail

Mat sengem Titel „Nadia si Securitatea“ erzielt de rumäneschen Auteur

Den OGBL fuerdert d‘Verlängerung vum Loyer-Moratoire

Den OGBL fuerdert d‘Verlängerung vum Loyer-Moratoire

Den onofhängege Gewerkschaftsbond (OGBL) huet sech dem politeschen Aktivismus am Kontext vun der „Sortie de Kris“ ugeholl a stellt fest: „D‘Regierung huet an de leschten Deeg eng ganz Rei un Gesetzer a groussherzogleche Reglementer virgeluecht, déi verschidde Mesuren, wou am Kader vun der Covid19-Pandemie beschloss goufen, bis den 31. Dezember verlängeren“.

Heirënner fënnt een d‘Hëllefe fir d‘Entreprisen, d‘Modalitéite fir d‘Sëtzunge vu Verwaltungsréit an/oder Gemengeréit, de Krankeschäin am Fall vun enger Quarantaine oder Isolement, asw… Dat alles wier éischter Logesch, vu datt d‘Pandemie u sech nach laang net iwwerstanen ass. Wat elo ei selektiv Politik am Kontext vun de Prolongatiounen ubelaangt, huet et awer zolidd Defiziter.

Esou dem OGBL opgefall, datt ënnert all de Mesuren eng guer net berécksiichtegt ginn ass: de Moratoire vun de Loyeren. Heimat ass gemengt datt et keng Hausse vun de Loyeren dierf ginn. D‘Mesure awer leeft den 30. Juni aus, an et schéngt een säitens der Regierung net gewëllt dës Moossnam ze verlängeren. D‘Gewerkschaft fuerdert dann elo vum Minister an d‘Gäng ze kommen.

Ob elo de Logementsminister Henri Kox (déi gréng) Interessi huet, drop anzegoen? Ëmmerhin hu besonnesch déi grouss Proprietairen duerch Mesure immens vill Geld verluer. Déi „Kleng“ ware jo do éischter Resilient an hu wou et méiglech war duerchaus Verantwortung iwwerholl. Zudeem gi grad den Ament masseg Wunnenge gebaut, firwat jo dann de Maart nees d‘Problemer reegelt.

An esou ee Maart, dee vu Joer zu Joer eng Majoratioun vum Profit vu bal 17% versprécht, muss jo dynamesch bleiwen. A fir et mat de Wierder vun engem Jurist ze soen: op juristeschem Plang mécht dës Regierung esou gutt ewéi guer näischt, obwuel bekannt ass, datt den Aarmutsproblem am Land direkt mam Logement zesummenhänkt. Jo gutt, wat erwaarden déi Leit vun enger liberaler Politik?

Illustratioun: Zu Lëtzebuerg bedeit Wunnen eigentlech ëmmer och esou eppes wéi ee Privileg ze hunn. Entweder et kann ee sech se leeschte well d‘Pai entspriechend gutt ass, oder et gehéiert zu deene wéinegen, déi sech op eng Wunneng mat moderatem Loyer oder eng Sozialwunneng beruffe kënnen. Alles tëscht dësen zwou Gruppen, huet scho verluer… © Anastasia Chepinska / unsplash

Related topics Aarmut, Henri Kox, Logement, Loyer-Moratoire, OGBL, Wunnengsmaart
Next post Previous post