Vermësste Kanner

Um haitegen Mëttwoch ass den internationalen Dag vun de vermësste Kanner.

Dësen Aktiounsdag gëtt zanter 1983 bedriwwen. Deen deemolege Präsident Ronald Reagan huet dësen Dag gewielt, well de 6 Joer alen Ethan Patz op sengem Schoulwee verschwonnen ass.

Dono (2002) ass dësen Dag och an Europa agefouert ginn, e gëtt zesumme mam Wäisse Rang bedriwwen. Ee vermësste Kand ass am allgemengen eng Persoun, déi duerch besonnesch Ereegnesser, Katastrophen, Accidenter oder duerch een Accident net méi ze fannen ass.

Eng zentral Organisatioun zu dësem Dag ass d’Amber Alert. D’Initiativ ass fir d’éischt erfollegräich an den USA agefouert ginn. Dësen Alarmsystem ass nom Amber Hagemann benannt ginn. Hatt ass den 13. Januar am US-Bundesstaat Texas d’Affer vun enger Entféierung ginn.

D’Zil vum System ass d’Bevëlkerung ëmfaassend ze alarméieren – sou wéi och inzeforméieren.

Och duerch déi alarméierend Flüchtlingswellen, ass et leider esou, datt vill Kanner a mannerjäreg Jugendlecher vermësst gëllen an net do ukommen, wou se sollten. Hei ass d’Politik gefouert.

Dernières nouvelles