Search

You may also like

Brutalen Iwwerfall op Homosexuellen
International Neiegkeeten

Brutalen Iwwerfall op Homosexuellen

E 24 Joer ale Student a säi Frënd goufen a leschte Weekend

Klengbettener Millen: Eng Nuddel fir de gudden Zweck!
International Neiegkeeten

Klengbettener Millen: Eng Nuddel fir de gudden Zweck!

Ab e Méindeg, de 14. Juni an nach bis de

Rock‘n Roll zu Cape Canaveral
International Neiegkeeten

Rock‘n Roll zu Cape Canaveral

E Samschdeg sinn zu Cape Canaveral (Florida) – mat eppes

Brasilien: Vernichtung vum Reebësch

D‘INPE schléit Alarm! D‘Ofholzung huet géintiwwer 2018 ëm 93% zougeholl an et brennt weider

Brasilien: Vernichtung vum Reebësch

Laut dem brasilianeschen Institut fir Weltraumfuerschung (INPE) wier d‘Lag „dramatesch“. Esou wéi si et gesinn, kéinten dëst Joer bis zu 10.000 Quadratkilometer Reebësch am Amazonas der Ofholzung zum falen. Vu Januar bis September waren et confirméiert 7.800 Quadratkilometer déi esou „verschwonne“ sinn, 2018 waren iwwert dat Ganzt Joer ronn 5.000 Quadratkilometer…

Och d‘Zuel vun de Bëschbränn – no Auswäertung vun de Satellittebiller – hätt massiv zougeholl. An de leschte Méint huet dären Zuel dramatesch zougeholl. Fir den Zäitraum Januar – September huet d‘INPE 66.750 Bëschbränn identifizéiert. Dat sinn 41% méi wéi am gläichen Zäitraum 2018.

D‘Ursaach fir dës enorm Zounam vu Bëschbränn an der Ofholzung generell, déi wier politesch, esou déi onëmstéisslech Feststellung vun den Experten. Et wier dem faschistesche President vu Brasilien, Jair Bolsonaro senger „Ëmweltpolitik“ geschëlt. Seng Unioun mat der Agrarlobby hätt derzou gefouert, datt d‘Richtlinne fir Ëmweltschutz an „hirem“ Sënn gelackert goufen.

Esou ass de landwirtschaftlechen Exploitanten erlaabt ginn, statt 5 Hektar, elo 20 Hektar Fläch „ofzebrennen“, fir Plaz fir Akerbau a Véizuucht ze maachen. De Jair Bolsonaro hätt doriwwer eraus deene Servicer, déi illegal Ofholzunge verhënnere sollen, déi néideg Moyenen entzunn…

Den Amazonas Reebësch „gehéiert“ wuel zum gréissten Deel zum brasilianeschen Territoire an esou huet d‘Regierung hei och eng besonnesch Verantwortung géintiwwer dem Rescht vun der Welt. De Reebësch spillt eng zentral Roll an der „Stabiliséierung“ vum Weltklima. An obwuel déi ganz Welt (ausser den USA) Drock op de brasilianesche President ausüübt deet sech séier wéineg.

mat indymedia/ccs

Foto: NASA Äerdiwwerwaachungsopnam. © Joshua Stevens / NASA

Related topics Amazonas, Brasilien, Ëmweltschutz, Feier, Groussbrand, INPE, Jair Bolsonaro, Klima, NASA, Reebësch
Next post Previous post