Search

You may also like

Brexit-Gespréichsronn ënnert verschäerfte Konditiounen
Neiegkeeten

Brexit-Gespréichsronn ënnert verschäerfte Konditiounen

Laut dem leschte Stand säitens der Downing-Street N°10, muss et

Chantier op der Autobunn A1 Héicht Däitsch-Lëtzebuerger Grenz (17.-20.07.2020)
Neiegkeeten

Chantier op der Autobunn A1 Héicht Däitsch-Lëtzebuerger Grenz (17.-20.07.2020)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, et duerch d’Ewechhuele vu Iwwerdaach op der

D’ULC fuerdert d’Ariichtung vun engem Fraisen-Simulator
Neiegkeeten

D’ULC fuerdert d’Ariichtung vun engem Fraisen-Simulator

Sou wéi „Commission de Surveillance du Secteur Financier“ (CSSF) an

Verschmotzt Drénkwaasser an der Stad Lëtzebuerg

Verschmotzt Drénkwaasser an der Stad Lëtzebuerg

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt duerch en technesche Problem beim Waasserreservoir vum SEBES-Reseau d’Drénkwaasser kontaminéiert ass. D’Bewunner vu verschidde Stroosse ginn dofir gebieden, kee Waasser vum Krunn ze konsuméieren.

D’Waasser ass dréif a weist bei der Analys eng schlecht Qualitéit op. Direkt d’Waasser vum Krunn drénken, respektiv säi Geméis an Uebst ze wäschen, sollt een aktuell ënnerloossen. Braucht een dach Drénkwaasser, gëtt geroden et fir 10 Minutten ofzekachen. An den Toiletten, sou wéi an der Dusch besteet natierlech kee Risiko, esou laang een net op d’Iddi kënnt, dëst Waasser ze drénken.

Concernéiert si folgend Stroossen:

  • rue Emile Bian
  • rue Robert Stumper
  • rue Henri M. Schnadt
  • boulevard de Kockelscheuer
  • rue Jean Piret
  • rue Leonardo Da Vinci
  • rue Gerhard Mercator
  • rue Albert Einstein
  • rue Charles Darwin
  • rue Lise Meitner
  • boulevard F.W. Raiffeisen
  • rue Isaac Newton
  • rue Rosalind Franklin

De Service Eau vun der Stad Lëtzebuerg, d’SEBES an déi verschidden Instanzen schaffen enk zesummen, fir schnellst méiglech eng Léisung ze fannen. D’Bierger ginn informéiert, soubal d’Waasserqualitéit nees an der Rei ass.

Opmaacherbild: © Bob Van Aubel / Unsplash

Related topics Drénkwaasser, Kontaminatioun, Krunnewaasser, Ofkachen, SEBES, Stad Lëtzebuerg, Verschmotzung
Next post Previous post