Search

You may also like

SUDCAL notz d‘Hëtzt vun ArcelorMittal fir de Quartier Belval ze alimentéieren
Neiegkeeten

SUDCAL notz d‘Hëtzt vun ArcelorMittal fir de Quartier Belval ze alimentéieren

Well et sënnvoll ass, déi iwwerschësseg Hëtzt ze notzen, déi

Wéi gutt kenns du ons Haaptstad?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du ons Haaptstad?

[onionbuzz quiz-id=31][/onionbuzz] D’Stad Lëtzebuerg ass souwuel national wéi international vun

Dateschutz an IT-Sécherheet beim Staat
Neiegkeeten

Dateschutz an IT-Sécherheet beim Staat

Säit LuxLeaks an „Casier-Bis“ ass gewosst: d‘Regierung a vun der

Verstäerkung fir de SAMU bis den 1. Mee 2020

Verstäerkung fir de SAMU bis den 1. Mee 2020

De Service d’Aide Médicale Urgente, och SAMU genannt, wäert bis spéitstens den 1. Mee 2020 mat engem 5. Vecteur verstäerkt ginn, fir esou d’Land nach besser ofzedecken. Grond heivir ass d’Entwécklung an déi nei Erausfuerderunge vun der ziviller Sécherheet.

Den 1. Juli 2019 ass de System vum Lëtzebuerger SAMU schonn duerch ee 4. Vecteur verstäerkt ginn. An enger éischter Phas war dëse beim CIS Hesper aktiv. De Bilan huet eng kloer Verbesserung bewisen. Hei drun wëll een elo uknäppen, sou datt d’Lëtzebuerger Air Rescue Asbl (LAR) dëse 5. Vecteur assuréiere wäert.

D’Assistenz duerch Helikopteren ass een immens noutwennegt Element, duerch dat een schnell op der Plaz vum Virfall intervenéieren an esou den Territoire och méi sécher couvréiere kann. Sollt den Helikopter net genotzt kënne ginn, beispillsweis duerch d’Wiederverhältnisser, esou huet d’Ekipp nach ëmmer ee Gefier vum CGDIS dee bei Besoin genotzt ka ginn.

Related topics CGDIS, CIS-Hesper, Gesondheet, Helikopter, Hëllef, LAR, Luxembourg Air Rescue, SAMU, Verstäerkung
Next post Previous post